Futtball: BundesligaGladbach geet ënner géint Freiburg, BVB feiert nächst Victoire

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg war et d'Suite vum drëtte Spilldag an der däitscher Futtball Bundesliga.
De Fabio Silva feiert den éischte Gol vum BVB mam Jobe Bellingham am Match géint Paderborn.
De Fabio Silva feiert den éischte Gol vum BVB mam Jobe Bellingham am Match géint Paderborn.
© LEON KUEGELER/AFP

Um drëtte Spilldag vun der däitscher Bundesliga gouf et eng weider Néierlag fir Gladbach, Freiburg an Dortmund hunn de Maximum vun néng Punkten um Kont, Frankfurt war Mainz iwwerleeën an tëscht Augsburg a Leverkusen gouf et e Remis.

Borussia Mönchengladbach huet eng weider Néierlag missen astiechen, bleift domadder ouni Punkten a steet um Wupp vun der Tabell. Géint Freiburg, fir déi et déi drëtt Victoire war, hat d'Ekipp vum Polanski keng Chance. No Goler vun Engelhardt a Matanovic stoung et an der Paus 2:0 fir déi Freiburger. Direkt am Ufank vun der zweeter Hallschent hat de Kleindienst Giel-Rout gesinn, wat d'Gladbacher weider geschwächt huet. An esou konnte Matanovic, Engelhardt an Eggestein mat weidere Goler fir e kloer 5:0 suergen.

Fir Dortmund gouf et déi drëtt Victoire am drëtte Match. Géint Paderborn huet ee souverän mat 3:0 gewonnen. Schonn no fënnef Minutten hat de Fabio Silva de BVB a Féierung bruecht. Bis op e puer Schwieregkeeten an den éischte 25 Minutten hat d'Lokalekipp de Match ëmmer ënner Kontroll, ma et huet awer laang gedauert, bis ee fir e kloer Resultat suerge konnt. Eréischt an der 80. an an der 89. Minutt huet den Nmecha fir den 2:0 an den 3:0 gesuergt.

Eintracht Frankfurt war auswäerts erfollegräich. D'Hessen hu sech zu Mainz mat 3:1 duerchgesat an domat hir éischt Victoire an der neier Saison gefeiert.

Kee Gewënner gouf et tëscht Augsburg a Bayer Leverkusen. Déi zwou Equippen hu sech mat engem 2:2 d'Punkte gedeelt.

Hoffenheim huet sech iwwerdeems mat 2:1 géint Stuttgart duerchgesat a sech domat déi éischt Punkte vun der Saison geséchert.

Den Owend steet nach den Duell tëscht dem 1. FC Köln a Werder Bremen um Programm.


D'Resultater mat de Statistike vun de Matcher an d'Tabell

Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Futtball-Resultater ze kommen. Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.

Back to Top
CIM LOGO