Futtball-Championnat: BGL LigueKäerjeng iwwerrennt Rouspert 5:0

Tom Nols
Um 7. Spilldag vun der BGL Ligue hunn déi Käerjenger dem Géigner vu Rouspert keng Chance gelooss.
Direkt nom Ustouss sollt et héich hiergoen tëscht Käerjeng a Rouspert.
Direkt nom Ustouss sollt et héich hiergoen tëscht Käerjeng a Rouspert.
© Bob Leven

Mat 3 Victoiren an 3 Néierlagen um Kont sinn déi Käerjenger an den Duell mat Rouspert gaangen, déi dës Saison bis ewell just eemol gewanne konnten. No nëmmen 39 Sekonnen hat schonn den éischte Ball am Netz geleeën, wéi de Kabungwe fir déi Minetter getraff hat. Den Dieye konnt an der 11. Minutt op 2:0 setzen, Rouspert war just hannendran. Logesch Konsequenz war den 3:0 duerch de Mabwati an der 27. Minutt. D'Spiller vun der Victoria ware kloer ënnerleeën an nëmmen dräi Minutte méi spéit war et de 4:0 duerch den Thill.

Mat 4:0 ass et an d'Paus gaangen. Rouspert war kloer ënnerleeën.
Mat 4:0 ass et an d'Paus gaangen. Rouspert war kloer ënnerleeën.
© Bob Leven

An den zweete 45 Minutten waren d'Gäscht, bei deene 4 wichteg Leit blesséiert gefeelt hunn, bësse besser am Match. An der 75. Minutt ass duerch de Maison de 5:0 gefall a Käerjeng hat bis zum Schluss nach weider Méiglechkeeten, fir de Score z'erhéijen. D'UN setzt sech um Enn kloer a verdéngt viru 670 Spectateuren duerch a klëmmt domat virleefeg op Plaz 6 vun der Tabell.


Den Iwwerbléck vun de Resultater

Klickt op de Match, fir op de Replay an de Liveticker ze kommen.

D'Tabell

Back to Top
CIM LOGO