Nei Investisseuren zu BordeauxGérard Lopez verkeeft Girondins de Bordeaux a kéint Liquidatioun verhënneren

Raphaël Ferber
Mam Wiessel vum Besëtzer kéint de franséischen Traditiounsclub wuel d'Faillite verhënneren a kéint och nach hoffen, den Zwangsofstig z'ëmgoen.
© AFP

De Lëtzebuerger Geschäftsmann Gérard Lopez huet seng Aktien um Traditiounsveräin Girondins de Bordeaux un de brittesche Fong Sparta Capital verkaaft. Sparta Capital hätt der franséischer Sportszeitung "L’Équipe" no déi néideg Fongen zesummebruecht, déi op ronn 10 Milliounen Euro geschat ginn. Dës Investissementer sollen aus den USA kommen. Domat kann de Club eng méiglech Faillitte evitéieren.

Dësen Deal koum zu engem entscheedende Zäitpunkt, well Sparta Capital hat nach bis e Freideg Zäit, déi finanziell Garantië virzeleeën, ier et zu engem Appell virum Comité national olympique et sportif français (CNOSF) kënnt.

Enn vun der Ära Lopez

Mat dësem Verkaf geet och eng fënnefjäreg Presidentschaft vum Gérard Lopez op en Enn. Hien hat 2021 d'Leedung vum franséischen Traditiounsclub iwwerholl, wéi de Club nach an der Ligue 1 gespillt huet. Zanterhier ass Bordeaux an d'Kris gerutscht:. 2022 gouf et den Ofstig aus der Ligue 1, 2024 den Ofstig aus der Ligue 2. Duerno huet de Club zwou Saisonen um véierten Niveau vum franséische Futtball gespillt.

De Gérard Lopez, deen net méi wollt an de Club investéieren, hätt der "L’Équipe" no d'Verantwortung fir en symboleschen Euro ofginn.

Bordeaux kann nach op d'National 1 hoffen

D’Girondins waren rezent vun der Direction nationale du contrôle de gestion (DNCG) aus de franséische Championnater ausgeschloss ginn, wat eng juristesch Faillite kéint bedeiten. Ma duerch Sparta Capital als neie Besëtzer an domadder déi nei finanziell Garantië kann de Club elo géint dës Decisioun an Appell goen. Bordeaux huet doduerch d'Hoffnung, datt si an der National 1 kënne bleiwen an esou den Zwangsofstig an d'Faillite evitéiert kënne ginn. Déi definitiv Decisioun heizou wäert am Appellprozess falen.

Back to Top
CIM LOGO