Mat 17 JoerEnzo Duarte dos Santos ënnerschreift Profikontrakt bei Borussia Dortmund

RTL Lëtzebuerg
Den Enzo Duarte dos Santos huet mat just 17 Joer säin éischte Profikontrakt ënnerschriwwen.
© Foto von SEBASTIAN EL-SAQQA / FIRO SPORTPHOTO / DPA PICTURE-ALLIANCE VIA AFP

Den Enzo Duarte dos Santos huet säin éischte Profikontrakt bei Borussia Dortmund ënnerschriwwen. Dat huet den däitsche Bundesligist e Mëttwoch am Nomëtteg annoncéiert. De réischt 17 Joer ale Lëtzebuerger Mëttelfeldspiller war am Januar 2025 vum Swift Hesper op Dortmund gewiesselt a war déi lescht Saison an der U19 am Asaz.

An der Preparatioun fir déi nei Saison 2026/27 war den Duarte dos Santos dann och scho bei de Profien dobäi a konnt déi Responsabel vum Veräin wuel weider vu sech iwwerzeegen. Wéi laang de Kontrakt leeft, huet d'Borussia net matgedeelt. Fir d'Lëtzebuerger Nationalekipp huet hie scho fënnef Matcher gespillt.

Back to Top
CIM LOGO