
An der 11. Minutt vun der Verlängerung hat den Geoff Hurst aus kuerzer Distanz op den däitsche Gol geschoss. De Golkipp Hans Tilkowski hat keng Chance. Vun der ënneschter Säit vun der Lat sollt de Ball zréck op de Buedem sprangen a vun do vum däitsche Verdeedeger Wolfgang Weber an den Aus gespillt ginn.

De Schwäizer Arbitter Gottfried Dienst hat ugangs op Corner decidéiert. Réischt no Récksprooch op englesch mat sengem Linieriichter Tofiq Bachramow, dee just russesch verstanen huet, hat den Onparteieschen dunn awer op Gol entscheet. England war 3:2 a Féierung gaangen an hat kuerz viru Schluss nach emol markéiert, fir um Enn mat enger 4:2 Victoire géint Däitschland de bis haut eenzege Weltmeeschtertitel an der Geschicht vun de "Three Lions" ze feieren.
Bis haut gëtt leidenschaftlech driwwer diskutéiert, ob de Ball dann elo wierklech ganz hannert der Linn war oder net. Den entretemps 85 Joer alen Geoff Hurst, deen an der Finall '66 dräimol getraff hat, hat sech laang net geäussert. Du war hie fest der Meenung, dass säi Gol zu Recht gezielt hat. Dobäi hat hien am ganze Wembley-Stadion warscheinlech déi schlechtste Siicht, well hien no sengem Schoss gefall war an iwwert seng Schëller hat musse kucken, wéi de Ball hannert dem Tilkowski erofgefall war. A senger Biografie "1966 and all that" huet et dunn anescht geklongen. Nodeems den Hurst honnerte Mol d'Zeen gekuckt hat, hat hie mussen zouginn, dass déi Däitsch warscheinlech Recht haten.
Den englesche Stiermer Roger Hunt hat sech direkt ëmgedréint fir ze feieren, nodeems dem Hurst säi Schoss de Buedem beréiert hat. Hie sot spéider, dass hien de Ball soss nach an de Gol gedréckt hätt, wann hien net absolut sécher gewiescht wier, dass en iwwert d'Linn war.
Déi däitsch Spiller si sech bis haut sécher, dass et keen Treffer war. Mee si hätte sech awer och net beschwéiert gehat, wann den Arbitter sou e Gol fir si gepaff gehat hätt, dowéinst konnte si den Englänner net béis sinn, sot emol den Uwe Seeler an engem Interview. De Golkipp Tilkowski war sou dacks op déi Zeen ugeschwat ginn, datt hien no enger Zäit decidéiert hat, all Interview unzefänke mam Saz "De Ball war net dran. An domat ass dat Thema duerch."

Zur Opklärung konnt (oder wollt) den Arbitter Gottfried Dienst näischt bäidroen. 1995 hat de Schwäizer an engem Interview gesot, hie wéisst nach ëmmer net, ob de Ball am Gol war. A wa se hien an honnert Joer géingen ausgruewen an hien erëm op d'Welt kéim, wéisst hien et nach ëmmer net, sou den Arbitter, deen entretemps verstuerwen ass.
Dem Arbitter säin Assistent Tofik Bachramow hat spéider zouginn, net genee gesi gehat ze hunn, ob de Ball am Gol war. No de Reaktioune vun den onmëttelbar Bedeelegten (Freed bei den Englänner, Zréckhale bei den Däitschen) war fir hie kloer, datt de Ball dra muss gewiescht sinn. Dogéint hat de Linieriichter aus dem Aserbaidschan spéider a senge Memoirë geschriwwen, hie wier komplett iwwerzeegt gewiescht, dass et e Gol war, well de Ball jo d'Netz beréiert gehat hätt. D'Optuppe vum Ball hätt hie guer net méi gesi gehat, well hie sech op d'Englänner konzentréiert hat, déi sech gefreet hunn. Eng Beréierung vum Netz war awer soss néierens en Thema an och d'Biller vun der Tëlee weisen eendeiteg de Géigendeel.
Den deemolege Bundespresident Heinrich Lübke war no der Partie kritiséiert ginn, well hien ëffentlech gesot hat, de Ball wier dra gewiescht. An England war den Treffer e vill manner grousst Thema wéi an Däitschland. Bis haut gëtt do net vum "Wembley Goal" geschwat an den Ausdrock ass och net an den allgemenge Sproochgebrauch iwwergaangen. Ëmstridden Treffer ginn do éischter "ghost goals" genannt.
Ingenieure vun der Universitéit Oxford haten an den 1990er Joren eng Etüd ausgeschafft a waren zum Resultat komm, dass de Ball net hannert der Linn war. Et hätte 6 Zentimeter gefeelt, fir komplett driwwer ze sinn. Och aner Ënnersichunge waren zu deem Schluss komm. Op Fotoen a Filmopnamen ass ze gesinn, wéi de Kallek vun der Gollinn an d'Luucht geet. Sou kann de Ball net ganz driwwer gewiescht sinn, war och ëmmer d'Argument vun den däitsche Spiller gewiescht.
Dogéint waren 2006 Opname vun engem 35mm-Film opgedaucht, déi quasi op der Héicht vun der Gol-Aus-Linn erkenne gelooss hunn, dass de Ball wärend dem Fléien tëscht Lat a Buedem komplett am Gol war. Sky Sports UK hate virun 10 Joer mat Hëllef vun EA Sports an neiste Programmer däitlech gemaach, dass et e Gol muss gewiescht sinn. Och eng Computeranalys vum englesche Spiller Jamie Carragher war 2021 zu deem Resultat komm.

Ëmstridde war iwwregens net just de "third goal", wéi de Wembley-Gol bei den Englänner heescht, mee och dee véierten a leschten Treffer vum Hurst an de leschte Sekonne vun der WM-Finall hätt net dierfen zielen. Hien hat am Fong just wollen de Ball fest a wäit fort schéissen, fir e leschten däitschen Ugrëff onméiglech ze maachen. Dobäi hat hien awer sou gutt getraff, dass de Ball an de Wénkel gaange war. De Gol hätt net dierfen zielen, well zu deem Moment scho Supporter amgaange waren, op den Terrain ze lafen.
Versich mat engem Chip am Ball, fir d'Positioun vum Ball genee z'ermëttelen, waren ëm 2010 no enger Rei Versich definitiv op der Säit gelooss ginn. Nodeems et op der WM 2010, ausgerechent tëscht England an Däitschland, zu enger klorer Feelentscheedung komm war mat engem Ball, deen definitiv hannert der Linn war, hat d'FIFA sech 2012 fir eng Technik decidéiert, déi d'Gollinn iwwerwaacht. Fir d'WM 2014 war doropshin de System GoalControl agefouert ginn, dee sech bis haut etabléiert huet. Ass de Ball definitiv iwwer d'Linn, kritt den Arbitter en akustescht Signal op d'Ouer. Entretemps ginn Treffer zousätzlech vum VAR iwwerpréift.
An Aserbaidschan gëtt den Tofik Bachramow, deen 1993 gestuerwen ass, nach ëmmer als Held veréiert. Et gëtt eng Statu vun him an an der Haaptstad Baku ass e Stadion no him benannt.
