
D'Summerpaus an der 2. däitscher Bundesliga ass eriwwer. Um Freideg den Owend war den Optakt vun der neier Saison an do hat de VfL Bochum d'Hertha BSC vu Berlin op Besuch. Et sollt just ee Gol falen, dat zugonschte vun den Haaptstädter. De Sebastian Grönning huet an der 39. Minutt den decisiven 1:0 fir d'Hertha geschoss.
Um Samschdeg de Mëtteg um 13 Auer gi véier Matcher gespillt, een um 20:30 Auer, an déi aner dräi dann e Sonndeg um 13:30 Auer.