Lëtzebuerger Futtballer am AuslandBatter Defaite fir Mannheim trotz Gol vum Vincent Thill, éischte Punkt fir Laura Miller

RTL Lëtzebuerg
Waldhof Mannheim huet trotz enger 2:0-Féierung de Match géint Havelse nach verluer. Fir d'Laura Miller gouf et mat Nürnberg an der 1. Bundesliga den éischte Punkt vun der neier Saison.
De Vincent Thill
© RTL Archiv

Sonndeg

Den 1. FC Magdeburg huet sech um drëtte Spilldag vun der 2. Bundesliga mat 2:0 géint Holstein Kiel duerchgesat an ass mat sechs Punkten aus dräi Matcher gutt an déi nei Saison gestart. Magdeburg war duerch zwee méi spéit Goler an der 72. Minutt an an der 81. Minutt a Féierung gaangen. Fir déi lescht puer Minutte war den Eldin Dzogovic dann op den Terrain komm, fir d'Féierung sécher iwwert d'Zäit ze bréngen.

Sech iwwer dräi Punkte freeë konnt dann och de Florian Bohnert an der 3. Liga. Do huet sech Hansa Rostock mat 4:2 beim 1. FC Saarbrécken duerchgesat. De Lëtzebuerger Defenseur hat schonn no 17 Minutten déi Giel Kaart gesinn a gouf an der 61. Minutt beim Stand vun 3:1 ausgewiesselt. Rostock steet no dräi Spilldeeg mat gudde siwe Punkten op der zweeter Tabelleplaz.

Een éischte Punkt vun der Saison gouf et dann an der 1. Bundesliga vun den Damme fir den 1. FC Nürnberg an d'Laura Miller. Op Besuch bei der Eintracht Frankfurt war Nürnberg an der éischter Hallschent a Féierung gaangen, ma ee spéide Gol vun der Lokalekipp huet fir en 1:1 Endstand gesuergt. An der Tabell steet den FCN duerch dee Punkt elo op der 10. Plaz vu 14.

Ee batteren Nomëtteg hat dann nach de Waldhof Mannheim an der 3. däitscher Liga. Beim TSV Havelse louche si ënner anerem duerch ee Gol vum Vincent Thill no 23 Minutte scho mat 2:0 a Féierung. Ma dem Géigner war et no engem séieren Uschlossgol an der 25. Minutt dann nach an der Schlussphas vum Match gelongen, op 3:2 ze stellen an de Match ze wannen. De Vincent Thill war an der 67. Minutt beim Stand vun 2:1 fir Mannheim ausgewiesselt ginn.

Den Iwwerbléck vum internationale Futtball fannt Dir hei.

Samschdeg

An der Ligue 2 a Frankräich gouf et fir den FC Metz mam Lëtzebuerger Trainer Luc Holtz deen drëtte Remis noeneen. E Samschdeg de Mëtteg huet ee sech auswäerts géint Annecy duerch en 1:1 d'Punkte gedeelt. De Savanier hat Metz an der 24. Minutt mat 1:0 a Féierung bruecht. Nëmmen néng Minutte méi spéit hat de Young fir d'Lokalekipp ausgeglach. Duerno ass kee Gol méi gefall. Bei Metz souz de Lëtzebuerger Hamza Kadamani de ganze Match op der Bänk. No véier Spilldeeg huet Metz 4 Punkten um Kont.

An der Serie B an Italien huet Sampdoria mam Danel Sinani 1:2 géint Juve Stabia de Kierzere gezunn. De Lëtzebuerger stoung an der Startformatioun a gouf an der 87. Minutt ausgewiesselt. Sampdoria huet no zwee Spildeeg 1 Punkt um Konto.

Mam Seid Korac war e weidere Lëtzebuerger an der Serie B am Asaz. Hien huet auswäerts mat sengem Veräin Verona 1:1 géint Padova gläich gespillt. De Lëtzebuerger gouf an der 78. Minutt agewiesselt. Fir Verona ass et den 1. Punkt an dëser Saison.

E Remis gouf et och an der 3. Liga an Däitschland tëscht Wehen an RW Essen. No 90 Minutte stoung et 0:0. Bei Essen souz den Aiman Dardari de komplette Match op der Bänk. Essen huet déi éischt dräi Spilldeeg jeeweils ee Match gewonnen, ee verluer an ee gläichgespillt.

An der 1. Bundesliga ass et de Weekend iwwerdeems den 1. Spilldag. Hei stoung kee Lëtzebuerger bei engem Veräin um Terrain. Den Detail vun de Matcher fannt Dir an eisem Artikel.

Freideg

SK Beveren mam Laurent Jans huet e Freideg den Owend fir de Kont vum 4. Spilldag an der héchster Divisioun am belsche Championnat eng héich Néierlag kasséiert. Zu Genk huet ee sech misse mat 0:4 geschloe ginn. De Kapitän vun der Lëtzebuerger Futtball-Nationalekipp stoung de ganze Match um Terrain. Fir den Opsteiger Beveren gouf et dës Saison bis ewell dräi Néierlagen an eng Victoire.

An der 3. Liga an Däitschland huet de Miguel Goncalves mat Düsseldorf 1:0 géint déi zweet Ekipp vu Stuttgart gewonnen. De Lëtzebuerger souz de ganze Match op der Bänk.

Back to Top
CIM LOGO