Futtball BGL Ligue an der RTL Live ArenaDe Match Wolz géint Ettelbréck um 18:00 Auer am Livestream a Liveticker

RTL Lëtzebuerg
Haut fänkt déi nei Saison am nationale Futtball un.

Um 1. Spilldag an der ieweschter Divisioun am nationale Futtball-Championnat kënnt et direkt zum Nord-Derby tëscht den zwee Opsteiger Wolz an Ettelbréck. D'Partie kënnt Dir mat Commentaire an der RTL Live Arena kucken.

Hei fannt Dir d'Kadere vun den zwou Ekippen.

E Samschdeg den Owend um 19:00 Auer spillt dann nach Nidderkuer géint d'Jeunesse.

Och dës Saison ginn d'Matcher aus der BGL Ligue nees an der RTL Live Arena um RTL Play iwwerdroen an op RTL.lu fannt Dir se och am Liveticker.


Commentaire: Gilles Tricca a Sam Rickal
Start vum Stream: 17.55 Auer
Viraussiichtlecht Enn vum Stream: 20.15 Auer
________________________________________________

Alles Wichteges iwwer déi nei Saison gitt Dir an eiser Virschau gewuer.


D'Resultater an d'Tabell

Klickt op de Match, fir op de Livestream respektiv de Liveticker ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO