Verloosse Kanner, eidel Geschäfter a RestaurantenVéier Lëtzebuerger erliewen d'Flucht vun Dausende jonke Marokkaner live mat

Claudia Kollwelter
Vun enger ongewinnter an intensiver Situatioun schwätzen zwee jonk Lëtzebuerger, déi momentan mat Frënn a Marokko Vakanz maachen a materlieft hunn, wéi d'Leit sech aus dem nordafrikanesche Land iwwert d'Mier Richtung Ceuta gemaach hunn.
Véier Lëtzebuerger sinn aktuell op Ceuta an hunn d'Situatioun live materlieft.
Véier Lëtzebuerger sinn aktuell op Ceuta an hunn d'Situatioun live materlieft.
© James Huynh & Chadi Ben Hsain

Temoignage vun der Situatioun / Reportage Claudia Kollwelter

Zanter e Méindeg sinn déi véier jonk Männer zu Tanger an der Vakanz. En Donneschdeg si se dunn op Fnideq gefuer, fir do Jetski fueren ze goen. Fnideq läit direkt nieft Ceuta, op der marokkanescher Säit vun der Grenz. D'Lëtzebuerger waren dee Moment awer nach net au courant, wat lass wier, hunn awer iwwerall Militärbooter gesinn, wéi den James Huynh an den Chadi Ben Hsain erzielen.

"Wéi mir ënnerwee waren, hu mir vill Leit gesinn, meeschtens jonk Männer, déi gelaf sinn. A mir hu gemierkt, dass do eppes falsch ass an net stëmmt. Wéi mir d'Nouvellë gekuckt hunn, huet sech bestätegt, dass dës Leit probéiert hunn, hiert Land ze verloossen an iwwert d'Grenz op Ceuta ze kommen. Mir hunn och Kanner gesinn, déi vun hiren Eltere verlooss goufen an esouguer d'Mataarbechter vu Restauranten, déi hir Aarbecht verlooss hunn, fir och d’Grenz ze iwwerschreiden."

An der ganzer Stad hätt deemno och näischt funktionéiert. Restauranten a Butteker waren zou a verlooss, well d'Leit alles stoen a leie gelooss a versicht hunn, iwwert d'Mier op Ceuta ze schwammen. Vum marokkanesche Staatsgebitt bis op Ceuta muss ee bal 4 Stonne schwammen, well eng ganz Partie Ofspärungen, metallenen Zonk a Barrièren am Mier selwer sinn. Eng Situatioun, déi een awer och dorun erënnert, wat ee selwer huet a fir wat een dankbar ass, seet den Chadi Ben Hsain.

"Well schlussendlech wëllen déi Marokkaner, déi jonk Leit, dat, wat mir hunn. Also eng gutt Educatioun an eng Krankekeess, wat se do net hunn!"

Situatioun op Ceuta aus der Vue vu Leit dohanner
Aktuell si véier Lëtzebuerger an der spuenescher Exklav a si hunn d'Situatioun live materlieft.

Déi ganz Nuecht iwwer hunn déi jonk Lëtzebuerger permanent Sireenen héieren an zeg Ambulanzen a Policeautoe gesinn. E Freideg de Moien hu se dunn decidéiert, zréckzefueren, wéi den James Huynh zielt:

"Um Wee fir zréck op Tanger hu mir nach Leit gesinn, déi nach hir Chancë wollte probéieren, awer och vill anerer, déi decidéiert hunn, zréckzegoen."

Déi véier jonk Männer sinn antëscht zréck zu Tanger, well komplette Chaos zu Fndieq war a kommen en Dënschdeg zréck op Lëtzebuerg.


Weider Sujeten zum Thema

Back to Top
CIM LOGO