Lëtzebuerger Futtballer am AuslandÉischt dräi Punkte fir Verona a Seid Korac no klorem 5:0 géint Arezzo

RTL Lëtzebuerg
De Seid Korac an Hellas Verona hunn an der Serie B e Sonndeg däitlech mat 5:0 gewonnen.
Seid Korac am Trikot vun der FLF-Formatioun
De Leandro Barreiro huet e Samschdeg 2 Goler markéiert.
© BEN GAL ORANGE PICTURES DPPI VIA AFP

Sonndeg

Um drëtte Spilldag vun der Serie B huet Hellas Verona endlech déi éischt dräi Punkte gesammelt. An dat mat engem richtegen Ausruffzeechen. An der Partie géint den SS Arezzo gouf et nämlech eng däitlech 5:0-Victoire, bei där de Seid Korac de ganze Match am Asaz war.

An der däitscher Bundesliga vun den Dammen huet d'Laura Miller eng opreegend Partie hannert sech. Géint de VfB Stuttgart gouf et nämlech duerch ee spéide Gol en 3:3-Remis géint de VfB Stuttgart. Den FCN louch dobäi 2:0 a Féierung, déi d'Gäscht vu Stuttgart awer eng véierel Stonn viru Schluss egaliséiere konnten. An der 84. Minutt dann op en Neits d'Féierung fir Nürnberg, ma dat lescht Wuert sollt op dësem Dag d'Nicole Billa mam 3:3 an der 90. Minutt hunn. D'Laura Miller war de ganze Match am Asaz an huet an der 72. Minutt déi giel Kaart gesinn.

No zwee Matcher ouni Punkten huet Beveren an der belscher Jupiler League nees e Match gewonnen. Fir d'Ekipp vum Kapitän Laurent Jans gouf et e Sonndeg den Owend eng 3:0-Victoire géint den OH Leuven, duerch déi een an der Tabell elo no fënnef Spilldeeg sechs Punkten um Kont stoen huet.

Net am Kader waren e Sonndeg de Mathias Olesen bei Sonderjyske, den Eldin Dzogovic beim 1. FC Magdeburg an de Christopher Martins bei Spartak Moskau.

Den Iwwerbléck vum internationale Futtball fannt Dir hei.

Samschdeg

Um Samschdeg den Owend konnt Benfica sech duerch 2 Goler vum Leandro Barreiro zu Madeira géint Maritimo duerchsetzen. No 7 Minutten huet de Golkipp vu Maritimo ee Schoss no vir an de Strofraum ofpralle gelooss, wou de Barreiro richteg stoung an aus 12 Meter den 1:0 schéisse konnt. An der 71. Spillminutt ass de Barreiro no engem Corner zum gudde Moment agelaf a konnt esou per Kapp op 2:0 stellen. Um Enn huet Benfica 3:0 gewonnen a bleift domat weider ongeschloen. Et sinn dem Lëtzebuerger Nationalspiller seng éischt zwee Goler vun der Saison.

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Primeira Liga

An der franséischer Ligue 2 huet Metz ënnert dem Luc Holtz déi 2. Victoire vun der Saison gefeiert. Mat 4:1 huet ee sech doheem souverän géint Rodez duerchgesat, ënner anerem duerch en Hattrick vum Fall. De 16 Joer jonken Hamza Kadamani ass eng Véierelsstonn viru Schluss agewiesselt ginn.

An der 3. Liga an Däitschland waren e Samschdeg um 4. Spilldag och e puer Lëtzebuerger am Asaz. Hansa Rostock mam Florian Bohnert ass doheem net iwwert en 1:1 géint den Tabelleleschte Wehen Wiesbaden erauskomm. De Bohnert stoung an der Startformatioun a gouf an der 74. Minutt beim Stand vun 1:0 fir d'Rostocker ausgewiesselt. Hien hat kuerz virun der Paus eng giel Kaart kritt.

Donieft huet Mannheim sech doheem mussen 0:1 géint Verl geschloe ginn. De Vincent Thill ass beim Waldhof eng knapp hallef Stonn viru Schluss erakomm, hie konnt d'Defaite awer och net méi verhënneren.

Freideg

Um 24. Spilldag vun der 1. georgescher Divisioun gouf et eng wichteg Victoire fir Dinamo Batumi beim Tabelleleader Rustavi. Mat 1:0 konnt d'Ekipp vum Dirk Carlson sech duerchsetzen, woumat een als Tabellenzweeten just nach e Retard vun zwee Punkten op Rustavi huet. De Carlson stoung déi 90 Minutten um Terrain a krut an der 76. Minutt eng giel Kaart.

Back to Top
CIM LOGO