E Samschdeg war an der Formel 1 de wuel wichtegste Qualifying aus dem ganze Kalenner. Op kengem anere Circuit wéi op deem zu Monte Carlo wënnt de Polesetter méi dacks. Déi bescht Ausgangspositioun fir d'Course e Sonndeg konnt sech dobäi de Kimi Antonelli sécheren. Nieft him geet de Max Verstappen aus der éischter Startrei un den Depart. Hannert hinne starten de Lewis Hamilton an de Lokalmatador vu Monaco Charles Leclerc, fir deen et just P4 ginn ass.
Bei bloem Himmel ass et op de Stroosse vu Monte Carlo ëm 16 Auer an de Q1 gaangen, wou et och schonn deen éischten Incident gouf. Gutt zwou Minutte viru Schluss war et de Gabriel Bortoleto, deen nom Tunnel d'Leitplank touchéiert huet an d'Sessioun huet domat missen eng Zäitche gestoppt ginn. Trotz dësem Feeler sollt et fir de Brasilianer awer nach duergoen, sech fir de Q2 ze qualifizéieren. Net duergaangen ass et dogéint fir den Esteban Ocon, Sergio Perez, Oliver Bearman, Valtteri Bottas, Fernando Alonso a Lance Stroll.
Am Q2 huet de Bortoleto säin Audi da misse stoe loossen, wärend et fir déi aner ëm eng Plaz an den Top10 gaangen ass. Net gepackt hunn et um Enn den Alexander Albon, Carlos Sainz Jr., Nico Hülkenberg, Franco Colapinto an Arvid Lindblad.
Am Q3 war d'Spannung dann um Héichpunkt a mat enger 1:12:051 ass d'Pole Position um Enn un de Kimi Antonelli gaangen. Hannendru war et dem Charles Leclerc net méi gelongen, eng weider séier Ronn ze fueren a sou muss hien hannert dem Lewis Hamilton op P3 an dem Max Verstappen op P2 un den Depart goen.
De Kimi Antonelli huet domat e Sonndeg bescht Chancen, Geschicht ze schreiwen a seng fënnef éischt Victoiren direkt um Stéck ze feieren. Dat ass bis elo nach soss kengem Formel-1-Pilot gelongen.