
Fënnef vu sechs Coursse gewonnen, als éischte Pilot an der Geschicht vun der Formel 1 seng éischt fënnef Victoiren direkt hannertenee gefeiert, an der Tabell beandrockend 66 Punkten Avance... Déi aktuell Serie vum Kimi Antonelli fënnt esouguer deem säi Mercedes-Chef Toto Wolff "onheemlech".
Op der anerer Säit hoffe warscheinlech vill Piloten, dass dës Serie endlech räisst, an dass elo den Tour un hinnen ass.
Ugefaange mam zweete Mercedes-Pilot Russell. Dee fënnt, dass et no technesche Problemer, Pech mam Safetycar an net justifiéierte Strofen esou lues duergeet. Oder de Charles Leclerc, dee sech iwwert schlecht Strategien a schlecht Bremsen iergert. Oder déi zwee Weltmeeschteren Norris a Verstappen, déi allebéid Problemer mat der Zouverlässegkeet vun hiren Autoen hunn.
Fir si all kéint Barcelona esou eppes wéi en zweete Start an d'Saison ginn. Et ass op jidder Fall deen éischten "normale" Formel-1-Weekend zënter laangem, mat dräi fräien Trainingen, warscheinlech ouni Reen, an op engem klassesche Circuit, e Circuit mat ville séieren a mëttelséiere Kéieren.
Den RTL-Formel-1-Expert Dominique Riefstahl erwaart sech do op d'mannst am Qualifying ee spannende Véierkampf: “Dat ass elo net Mercedes hire stäerksten Territoire. Dat ass éischter Ferrari- a McLaren-Territoire. Och de Red Bull ass bei héije Vitessen extrem kompetitiv. Ech denken, mir sinn éischter erëm am Zenario, dass véier Autoen ëm d'Pole kënne matmëschen, wéi dass elo eng Ecurie sech géing erauskristalliséieren.”
D'Ingenieuren, d'Piloten, mee och d'Fans wäerten zu Barcelona awer erëm mat engem Thema ze di kréien, dat déi lescht Coursse scho bal verschwonne war, an dat kee wierklech vermësst huet: den Energiemanagement.
"Et gëtt net vill an net kräfteg zu Barcelona gebremst. Doduerch ass d'Recuperatioun vun der Energie beim Bremse relativ limitéiert. Et muss een also op alternativ Methoden zeréckgräifen. Mir kommen also erëm an déi Zenarien, déi mir kenne vu Melbourne oder Suzuka, mat den entspriechende Geforen och vun de Vitess-Ënnerscheeder tëschent den Autoen, respektiv déi ganz Diskussiounen, op dat elo richteg Formel 1 ass, gëtt erëm opgeworf", sou den Dominique Riefstahl.
Gewinne muss ee sech och un en neien Numm. De "Grousse Präis vu Spuenien" plënnert dëst Joer op Madrid, wou mam Madring en neie Stadcircuit entsteet. Zu Barcelona gëtt an Zukunft nëmmen nach all zwee Joer gefuer, an dat als "Grousse Präis vu Barcelona-Katalounien".
Fir de Fernando Alonso kéint dat iwwregens de leschten Optrëtt zu Barcelona sinn. An der Pressekonferenz virum Grand-Prix huet hien annoncéiert, dass hie beim nächste Barcelona-Grand-Prix 2028 wuel net méi um Depart ass.
No Suzuka ass Barcelona déi zweet haart Prouf vum Joer fir d'Pneuen. Mee am Géigesaz zur Aachtchen aus Japan ass a Katalounien alles extrem eesäiteg dominéiert.
Dëse Circuit war schonn ëmmer e Pneue-Killer, an déi lescht Joren ass en éischter nach eng Spuer méi knackeg ginn. Net manner wéi sechs laang gezunnen, héich belaaschte Rietskéiere leien op knapps 4 Kilometer a gi 66 Mol revisitéiert.
De Geck, datt de viischte rietse Pneu zu Barcelona just do ass, fir datt den Auto net ëmfält, kënnt also net vun näischt. Effektiv dréint sech hei bal alles ëm de richtegen Equiliber: de viischte lénkse Pneu entlaaschten, ouni dobäi d'Traktioun ze vill ze kompromettéieren.
Aerodynamik spillt eng grouss Roll, mee zum Gléck an engem relativ klenge Fënster, well bal all Kéieren am mëttlere bis héije Vitesse-Beräich leien. D'Temperature leeën nach eng Schëpp drop, virun allem well den GP méi spéit an d'Joer gerutscht ass.
Hei gëtt also näischt verstoppt: wann d'Pneuen oder d'Aero net sëtzen, weist Barcelona et direkt.
Mee et ass och Zäit, “adéu Montmeló” ze soen. E Circuit, mat deem ech extrem vill Souvenire verbannen: Wantertester, wou Heizdecken och hannen an der Garage genotzt goufen, fir net ze erféieren, well et geschneit huet. Locatiounsautoen, déi iwwer d'Pist gejummt goufe mat éischter manner Succès. Jogging-Ronnen, déi direkt an de Laktathimmel gefouert hunn, Post-Test-Béier ëmmer an där selwechter Bar beim Easy-Terminal.
An d'Wëssen: wann et am Februar op Barcelona goung, war d'Saison richteg un – bis déif an den Dezember. Gràcies per tot, vell amic.

D'Fräi Trainingen, de Qualifying an d'Course kënnt Dir vun e Freideg bis e Sonndeg live op RTL ZWEE op der Tëlee an online um RTL Play kucken. De geneeë Programm fannt Dir am F1-Dossier op RTL.lu.