Dëschtennis-ChampionnatRécken iwwerrascht Hueschtert-Foulscht

RTL Lëtzebuerg
Trotz der Néierlag steet Hueschtert-Folscht zesumme mam DT Houwald an der 1/2-Finall.
© AFP (Archiv)

E Sonndeg goufen dräi Matcher vum 5. Spilldag an der Playoffs gespillt. Récken ass um 5. Spilldag vum Playoff déi grouss Iwwerraschung gelongen a gewënnt doheem mat 6:2 géint den Tabelleleader Hueschtert-Foulscht. Mat jeeweils 6:1 ka sech den Houwald an eegener Hal géint Lénger duerchsetzen a Berbuerg léisst Lëntgen keng Chance.

An der Tabell schléisst Hueschtert-Foulscht trotz der Néierlag d’Playoff op der 1. Plaz oof, 1 Punkt virum DT Houwald an dem DT Lénger. De Vize-Meeschter Berbuerg ka sech duerch Victoire géint Lëntgen um leschte Playoff Spilldag nach déi 4. Plaz an der Tabell sécheren.

Resultater an Tabell vum Playoff

Resultater an Tabell vum Playdown

Back to Top
CIM LOGO