
Bei den Hären huet den DT Hueschtert-Foulscht dem DT Houwald keng Chance gelooss an d’Finall däitlech mat 4:0 gewonnen. Mat de selwechten Opstellunge wéi an den 1/2-Finalle si béid Ekippen och an d’Finall gaangen.
Do war den Titelverdeedeger Hueschtert-Foulscht de klore Favorit, an dat huet een och vun Ufank un un den Dëscher gemierkt. D’Nummer Zwee vun Hueschtert-Foulscht Jan Zibrat konnt sech direkt géint de Spëtzespiller vum Houwald, de Benjamin Rogiers, kloer bannent dräi Sätz behaapten.
Och an deene weidere Partië konnt den DT Houwald net un déi gutt Leeschtung aus de Ronne virdrun uknäppen an hat um Enn net wierklech eng Chance géint de souveränen DT Hueschtert-Foulscht, deen elo fir déi drëtte Kéier hannerteneen d’Coupe gewonnen huet.
Bei den Damme war et dann den DT Diddeleng, dee sech mat 4:1 géint Recken behaapt an den Titel um Enn feiere konnt. D’Finall hat ouni Iwwerraschung ugefaangen, well béid Spëtzespillerinnen op béide Säite jeeweils hiert Duell gewanne konnten.
An den nächste Partien haten d’Diddelenger Spillerinnen dann awer d’Nues vir a konnten dës all fir sech entscheeden. Um Enn kënne si trotz enger gudder Leeschtung vu Recken verdéngt den zweete Coupe-Titel hannertenee feieren.