Zu Brünn a Tschechien haten et Fuerer bei 31 Grad Lofttemperatur a bal 50 Grad Strecketemperatur net einfach. Den Ai Ogura konnt seng 1. Plaz um Start wuel verdeedegen, huet an der 2. Ronn dunn awer de Francesco Bagnaia an de Marc Marquez misse laanscht zéie loossen. 6 Ronne viru Schluss koum et zu Attack vum Marquez op déi 1. Plaz. De Bagnaia hat näicht dogéint ze setzen a huet seng 1. Plaz missen oofginn. Kuerz dorop hue de Japaner Ogura de Bagnaia iwwerholl sou dass den Italieener, Gewënner vun der Sprint Course e Samschdeg, just nach op der 3. Plaz erëm ze fannen war. Ganz no vir ass de Ogura awer net méi komm, sou dass de Gewënner a Tschechien Marc Marquez heescht. Et ass dem Spuenier seng zweete Victoire noeneen. De Jorge Martin, zweeten an der WM, fiert just op déi 9. PLaz.
De Marco Bezzecchi ass net un de Start gaangen, dat nodeems hie vun de Rennkommissaren suspendéiert gouf. De WM-Leader ass e Samschdeg an der Sprint Course 3 Ronne viru Schluss gefall. Beim oprafe vu sengem Moto hunn d' Streckeposten him wollten hëllefen, wat den Aprilia-Pilot awer net appreciéiert huet. Dobäi huet den Italieener e Streckeposten an d'Gesiicht geschloen. Hien bleift am General awer weider op der 1. Plaz.
An der Moto2 ass d'Entscheedung an der leschter Kéier gefall. Den David Alonso, laang Zäit op der 1. Plaz gefuer, huet kuerz viru Schluss den Ivan Ortola misse laanscht zéie loossen, a klasséiert sech hannert dem Spuenier mat +0.096 Sekonnen op déi zweete Plaz. Déi drëtte Plaz ass fir de Lokalmatador Filip Salac. De WM-Leader Manuel Gonzalez klasséiert sech hannert dem Senna Agius op der 5. Plaz.
Déi 1. Victoire a senger Karriär feiert an der Moto3 de Hakim Danish. An enger Course wou et un der Spëtzt hin an hier gaangen ass, behält de Rookie Hakim Danish op KTM Nerven a setzt sech virum Brian Uriarte an dem Maximo Quiles duerch. Am General bleift de Quiles a Féierung.
1. Marc Marquez 39:51.29
2. Ai Ogura +0.421
3. Francesco Bagnaia +2.255
1. Ivan Ortola 35:53.143
2. David Alonso +0.096
3. Filip Salac +0.701
1. Hakim Danish 33:34.264
2. Brian Uriarte +0.466
3. Maximo Quiles +0.629
1. Marco Bezzecchi 180
2. Jorge Martin 172
3.Fabio Di Giannantonio 157
1. Manuel Gonzalez 165.5
2. Izan Guevara 115
3. Celestino Vietti 109
1. Maximo Quiles 186
2. Alvaro Carpe 121
3. Brian Uriarte 92