Fir Porsche-Verhältnisser war de Saisonsoptakt zu Monte Carlo relativ onspektakulär. Fir Barcelona gëtt sech awer deen een oder aneren intensiven 911-Boxkampf erwaart. Gréissten Iwwerraschung an der Principautéit war de 25 jonken Italieener Andrea Bristot (Dinamic), deen sech net nëmmen d’Rookie-Wäertung mee och P2 am General séchere konnt. De Lëtzebuerger Chester Kieffer (Schumacher CLRT) gesäit am Bristot säi gréisste Géigner am Kampf ëm de Rookie-Titel. Zu Barcelona soll et dann och endlech zum Supercup-Debut vum fréieren F1-Weltmeeschter Villeneuve kommen, nodeems hien zu Monte Carlo nach huet misste passen.
Suivéiert de PORSCHE MOBIL1 SUPERCUP BARCELONA 2026 mat Lëtzebuerger Commentaire live op RTL ZWEE an RTL PLAY.
Wéinst de strengen Anti-Piratage-Virschrëfte vun der Formel 1 sinn och d’Porsche-Supercup-Contenuen op RTL PLAY mat engem Login protegéiert. Wien d’Livestreamen an d’Replaye vun de Porsche-Courssen op RTL PLAY kucke wëllt, muss sech mat sengem RTL-Benotzernumm an -Passwuert aloggen. Et brauch een awer och weiderhin näischt fir de Porsche Supercup op RTL PLAY ze bezuelen.
Course, mir iwwerdroen de Programm op RTL ZWEE an RTL Play Sonndeg, 14. Juni 2025:
Ufank vun der Emissioun: 10h05
Depart vun der Course: 10h10
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 10h55
Commentaire: Tom Hoffmann
