Porsche SupercupChester Kieffer fiert am Qualifying zu Barcelona op déi 16. Plaz

Tom Hoffmann
Am Kader vun der Formel 1 gëtt dëse Weekend zu Barcelona déi zweet Course vum Porsche Supercup gefuer.
© Helena Clancy

E Samschdeg konnt sech den Chester Kieffer an der Qualifikatioun fir déi zweet Course vun der Saison am Porsche Supercup déi 16. Startplaz sécheren. An der Rookie-Wäertung klasséiert sech de Lëtzebuerger als fënneftbeschte Pilot.

Wéi sech de Lëtzebuerger an der Course schléit, kënnt Dir e Sonndeg vun 10:05 Auer u live op RTL ZWEE an RTL Play kucken.

Back to Top
CIM LOGO