
Beim Grousse Präis vun Ungarn huet de Marc Marquez den Triple aus Pole Position, Sprint a Grand Prix realiséiert. Et war déi 100. Victoire a senger Karriär - just de Valentino Rossi an den Giacomo Agostini hunn nach méi op hirem Kont. Geféierlechste Verfollger vum Spuenier war de Pedro Acosta, mee hien hat op der Arrivée e klore Réckstand op säi Landsmann (+ 1,343). Hannendru koum laang näischt. De Francesco Bagnaia huet den Triell géint den Ai Ogura an de Luca Marini ëm Plaz 3 fir sech entscheet an duerft nach op de Podium klammen.
De WM-Leader Marco Bezzecchi war an der éischter Ronn mam Jorge Martin kollidéiert, domat war d'Course séier eriwwer. Béid Pilote goufe medezinnesch ënnersicht, hunn awer keng grav Blessuren dervugedroen.
An der Moto2 huet de Manuel Gonzalez duerch d'Victoire beim Grousse Präis vun Ungarn seng Féierung am WM-Klassement ausgebaut. Iwwerraschenden Zweete gouf den Tschech Salac virum Australier Senna Agius. Den Zweeten am WM-General Izan Guevara koum net iwwer déi sechst Plaz eraus.
Eng Klass méi déif (Moto3) dominéiert weiderhin de Maximo Quiles d'Saison. De Spuenier huet seng fënnef Victoire an dëser Saison gefeiert an hat eng komfortabel Avance op den David Almansa an den Alvaro Carpe. An der WM-Wäertung huet de Quiles schonn eng grouss Avance op den Alvaro Carpe.
1 Marc Marquez 42:55,325
2 Pedro Acosta +1,343
3 Francesco Bagnaia +11,632
4 Ai Ogura +15,539
5 Luca Marini +18,669
1 Manuel Gonalez 37:10,278
2 Filip Salac +1,552
3 Senna Agius +3,925
4 David Alonso +4,367
5 Daniel Holgado +9,561
1 Maximo Quiles 33:39,745
2 David Almansa +3,147
3 Alvaro Carpe +7,037
4 Brian Uriarte 7,194
5 Rico Salmela 7,374
1 Marco Bezzecchi 180
2 Jorge Martin 160
3 Fabio Di Giannantonio 138
4 Pedro Acosta 132
5 Marc Marquez 108
1 Manuel Gonzalez 154,5
2 Izan Guevara 105
3 Celestino Vietti 102
4 Senna Agius 94
5 Daniel Holgado 76
1 Maximo Quiles 170
2 Alvaro Carpe 111
3 Marco Morelli 77
4 David Almansa 76
5 Brian Uriarte 72