
Zu Monte Carlo ass dëse Weekend den Optakt vum Porsche Supercup. Mam Chester Kieffer ass hei dann och nees e Lëtzebuerger mat um Depart.
An der Qualifikatioun, déi e Freideg den Owend gefuer ginn ass, ass hien op déi 11. Plaz komm, dat mat enger Zäit vun 1:32.465.
Gewonne gouf de Qualifying vum Theo Oeverhaus (D), deen an 1:31.865 d'Ronn zu Monaco gefuer ass. Nieft him start den Andrea Bristot (IT), deen domadder och beschte Rookie war.
Wéi den Chester Kieffer sech an der Course schléit, gesitt Dir e Sonndeg um 11:40 Auer live op RTL ZWEE an RTL PLAY.