
Zu Leideleng mécht Petro-Center e wichtege Schratt a Richtung méi nohalteg Mobilitéit. Op der Esso Statioun gëtt elo de sougenannten HVO100 ugebueden, en erneierbaren Diesel aus nohaltege Rohstoffer.
Dëse Sprit hëlleft, d’CO₂ Emissiounen däitlech ze reduzéieren, a ka bei ville kompatibele Gefierer (sief et privat oder fir den professionnellen Transport) direkt als Ersatz fir konventionelle Diesel benotzt ginn. Dat Ganzt ouni Upassunge vum Motor.
Mat der Installatioun vun dëser neier Pompel gehéiert Petro-Center zu den éischten Ubidder vum HVO100 zu Lëtzebuerg a stäerkt säin Engagement fir méi ëmweltfrëndlech Energieléisungen am Alldag.