
D’Mëllerdall Days vum Natur- & UNESCO Global Geopark Mëllerdall sti virun der Dier: vum 30. Mee bis den 9. Juni gi vill Aktivitéite fir Grouss a Kleng uechter d’Regioun ugebueden.
Dorënner Kanner- a Familljenaktivitéiten, Virträg a speziell Excursiounen. Dobäi kënnt dir d’Regioun aus neie Perspektiven entdecken, zum Beispill op enger Natur-Rallye, bei där Fossilien an archeologesch Spuere vum Mëllerdall gewise ginn.
Och Film- a Kulturfans kommen op hir Käschten, genee wéi Leit, déi sech fir d’Geschicht an d’Zukunft vun der Regioun interesséieren.
E besonneschen Highlight ass e Picknick am Tudorpark zu Rouspert mat regionale Produiten an enger immersiver Theaterperformance ronderëm den Henri Tudor.
De komplette Programm vun de Mëllerdall Days an all Detailer fannt Dir op naturpark-mellerdall.lu.