Nei renovéiert zu GréiwemaacherD’Bijouterie Hoffmann erstralt an neiem Glanz

IPL - sponsored content
Passend zum 70-järegen Jubiläum huet de Familljebetrib säin Haaptstanduert zu Gréiwemaacher komplett renovéiert.
© Bijouterie Hoffmann

D’Bijouterie Hoffmann zu Gréiwemaacher ass elo net nëmme méi grouss a méi modern, mee bitt Iech och zwee privatiséiert Berodungsraim, wou Dir a roueger Atmosphär Bijouen an Aueren eraussiche kënnt.

D‘Goldschmattateliere goufe mat neier Technik equipéiert, fir perséinlech Kreatiounen aus Aalgold ze realiséieren. Wann Dir een individuelle Wonsch hutt, da kënnt Dir sur Mesure ee Bijou vun engem vun hire Goldschmatte kreéiere loossen. Dobäi beroden si Iech bei der Ëmsetzung vun Ären Iddien.

Op Verlobung, Hochzäit, oder aner Occasiounen, hei fannt Dir dat richtegt Schmockstéck, dat zu Iech passt. Gravurë kënnen op der Plaz an der Bijouterie gemaach ginn.

Kommt laanscht an entdeckt dat neit Geschäft zu Gréiwemaacher.

28/05/2026 Inside News

Back to Top
CIM LOGO