
Za’atar gëtt zënter Joerhonnerten an de Länner vum Noen Osten benotzt. Et gëtt iwwer Fladebrout gestreet, mat Olivenueleg gemëscht oder fir Fleesch- a Geméisplaten agesat. De Goût ass gläichzäiteg kräfteg, nosseg a liicht sauer. De Spëtzekach Pit Wanderscheid:
Jo, et ass eng Mëschung aus wëllem Thymian, Majoran oder Oregano, an da kënnt de Sumac dobäi, dee mer schonn eng Kéier hei an enger Emissioun haten, dee bréngt déi gewëssen Saier mat, geréischterte Sesam a Miersalz. An do sollt een och oppassen, wann een esou eng Mëschung eng Kéier keeft, wann een déi fënnt, an et interesséiert ee sech dofir, dass de Salzgehalt elo net ze vill extreem ass, well do gëtt oft domadder gefuscht, dass dann de Salzgehalt extreem eropgedriwwe gëtt, fir d'Gewürz méi bëlleg an der Produktioun ze maachen, mee de Géigendeel sollt de Fall sinn, d'Salz soll just dobäi sinn, fir dat Gewierz ze komplettéieren an et och gewierzfäheg ze maachen.
D’Besonnescht um Za’atar ass seng Diversitéit. A ville Famillje gëtt d’Gewierzmëschung moies op frëschem Brout giess. Anerer benotzen se als Marinad oder als Ofschloss fir Zaloten a Geméis.
De Manakish ass e ganz beléifte Brout, wat een als Frühstück ësst, gesäit e bëssen änlech aus wéi eng Pizza an dat gëtt ganz déck mat där Paste aus Za'atar an Oliwwenueleg bestrach. Also Za'atar gëtt ëmmer a Verbindung mat Oliwwenueleg och gemaach, e gëtt esou e bëssen opgeréiert an da kann een dat herno benotzen. Allerdéngs och als Dip zum Beispill bei Labneh oder Humus. Bei Baba Ganoush ass et mat dobäi. Bei Fleesch, Geméis ass et allgemeng fir ze marinéieren, bei Hämmel oder och Geméis vum Grill gutt ze benotzen. Natierlech de Poulet duerf net feelen, awer ganz besonnesch ass de Choufleur ganz, ganz gutt mat Za'atar.
Nieft sengem kulinaresche Wäert huet Za’atar och eng kulturell Bedeitung. D’Mëschung ass enk mat der Geschicht an den Traditioune vum Noen Osten verbonnen an gëtt vu Generatioun zu Generatioun weiderginn.
Also dat huet seng Plaz an der Levante Kichen, dat heescht Libanon, Syrien, Jordanien, Israel, Palestina, an deem Eck gëtt et och ugebaut, do gëtt och déi Kraider alleguerten, déi wuessen do wëll, also natierlech, an esou kënnt déi Gewierzmëschung, déi och als Superfood gëllt, hier.
Och bei eis gëtt Za’atar ëmmer méi populär. Dat läit net nëmmen un de ville Méiglechkeeten, déi d’Gewierz bitt. Et passt net nëmme bei orientalesch Platen, mee och bei Geméis aus dem Uewen, op Frëschkéis oder souguer iwwer Eeër.