

Wimbledon 1992. Dat war den éischte Grand-Slam-Titel fir den Andre Agassi. Bei den Dammen huet d'Gewënnerin Steffi Graf geheescht. De 'Paradiesvull' vu Las Vegas, USA an 'Die Gräfin' vu Brühl aus Däitschland, déi Jore méi spéit matenee bestuet goufen. Et heescht, d'Steffi Graf wier déi Zäit nach net gepaakt gewiescht, awer den Agassi schonn zimmlech verknallt. Den traditionellen Danz vun den zwee Gewënner war dat Joer allerdéngs wéinst dem schlechte Wieder an d'Waasser gefall. Sou huet et dann nach gedauert mat der Dramkoppel déi sech 1999 richteg kenne geléiert hunn, bei engem Tennis-Tournoi wat den Agassi organiséiert hat. Zanter 2001 ass d'Koppel bestuet. Si liewen zu Las Vegas an hunn zwee Kanner déi allerdéngs keen Tennis spillen.
Wimbledon 1992. Dat war den éischte Grand-Slam-Titel fir den Andre Agassi.

Déi éischt SMS gouf vun engem Computer op e mobillen Telefon geschéckt. Vu datt d'Telefonen deemools awer nach keng Tastatur haten fir selwer en Text ze schreiwen konnt se net beäntwert ginn. Et gouf just en Display op deem een dee kuerze Message konnt liesen. 'Merry Christmas' war den Text deen de britteschen Ingenieur Neil Papworth vu sengem Computer op den Handy vum Manager vun enger Telekommunikatiouns-Boîte geschéckt hat. Domat war eng Revolutioun agelaut ginn. Haut kommunizéiert déi ganz Welt mat deem Short Message Service, woufir déi 3 Bustawen SMS stinn. Duerno sollt et wuel eng Zäit daueren bis d'Zäitalter vun den SMS richteg lass gaang ass an d'Ofkierzungen LOL aan OMG gebuer waren.
Déi éischt SMS gouf vun engem Computer op e mobillen Telefon geschéckt.

Et ass den 12. Abrëll 1992. Zu Marne-la-Vallée, ronn 30 Kilometer ëstlech vu Paräis, mécht e e Parc seng Dieren op, deen Europa fir ëmmer soll veränneren: den Euro Disney, haut bekannt als Disneyland Paris. Méi wéi 15.000 Mataarbechter a bal fënnef Joer Bauaarbechten waren néideg, fir dëse Park opzebauen. Matten op de Felder entsteet eng Welt aus Schlässer, Attraktiounen a Figuren, déi bis dohin haaptsächlech aus Filmer bekannt waren.
Et ass den 12. Abrëll 1992.
D'Ouverture ass e riesege Spektakel. Journalisten aus der ganzer Welt si mat dobäi. Disney wëllt beweisen, datt säi Konzept net nëmmen an den USA an a Japan funktionéiert, mee och an Europa. Mee net jidderee war begeeschtert. A Frankräich gouf de Projet vun e puer Politiker a Kulturkritiker als Symbol vun enger amerikanescher Kultur kritiséiert. Anerer hunn sech gefrot, ob d'Europäer iwwerhaapt bereet wieren, fir esou en Erliefnis ze bezuelen. Déi éischt Jore sinn tatsächlech schwéier. D'Visiteurszuelen entspriechen net ëmmer den Erwaardungen an de Park huet finanziell Problemer. Mee Disney gëtt net op.
Iwwer d'Jore kënnt eng Attraktioun no där anerer dobäi: Space Mountain, Walt Disney Studios, Ratatouille an ëmmer méi grouss Spektakelen. Haut ass Disneyland Paris déi meescht besichtegt touristesch Destinatioun an Europa a empfänkt all Joer iwwer 10 Millioune Gäscht. Vill Kanner an och Erwuessener gesinn hei fir d'Mickey Mouse, den Donald oder de Goofy am richtege Liewen. A bis haut, méi wéi 30 Joer no der Ouverture, bleift de Park eng Plaz, wou Kandheetserënnerungen an nei Aventuren openee treffen.