
D’Schilddrüs ass eng Hormondrüs am Hals, déi d’Form vun engem Päiperlek huet, a se ass onmoosseg wichteg fir d’Regulatioun vum Stoffwiessel, der Häerzfrequenz an dem Energiehaushalt. Den Dr Marc Keipes aus dem Gesondheetszenter op der Gare erkläert firwat speziell Veganer en A drop hale sollen dass hei alles ouni Problemer funktionéiert.
Eis Schilddrüs brauch onbedéngt Jod fir déi 2 wichteg Hormoner T4 an T3 ze produzéieren. Si ginn den Takt vun allen aneren Organer am Kierper un a sinn an der Entwécklung vum Embryo un bis zur Pubertéit och responsabel fir d’Entwécklung vum Gehier vun de Kanner. De Jodmangel ass an eise Géigenden relativ grouss. Dat geet eigentlech an der Schwäiz un, de ganze Wee laanscht de Rhäin, also d’Elsass och a bis zur Mëndung an Holland. Wann also kee Jod am Waasser ass, een, well ee Veganer ass keng Fësch oder Muschelen ësst, kritt een hei zu Lëtzebuerg net genuch Jod.
Wéi gesäit dat dann elo soss am Ausland aus, beispillsweis an Amerika?
An Amerika ass vill Jod an der Mëllech, well d’Auderen vun de Kéi mat Jodtinktur gebotzt ginn, mee hei zu Land ass an der Mëllech och wéineg Jod. An dann als Veganer, notzt een déi Ersatzproduiten wéi Huewer, Reis, Mandeldrinken, an do ass och dacks keen dran. Als Veganer feelt also net just Vitaminn B12 mee och dacks Jod. Besonnesch a Situatiounen wou méi gebraucht gëtt, wéi an der Pubertéit, Schwangerschaft, Stëllzäit. Also vegan Ernierung ass am Prinzip gesond well warscheinlech ekologesch besser, mee d’muss een op de Jod- a B12 Mangel oppassen. Schwätzt mat ärem Dokter oder der Dieteticienne, ersetzt dat wat feelt, da bleift dir gesond.
Veganer opgepasst