E puer Deeg no der Annonce vun der Charité zu Berlin, eng Persoun aus den USA, déi wéinst enger Ebola-Infektioun behandelt gouf, entlooss ze hunn, hunn d'Spezialiste vun der Klinik, déi op Infektiounskrankheete spezialiséiert ass, eng Simulatioun vun den intensive Sécherheetsprozeduren duerchgefouert an dofir och d'Press invitéiert.
De Patient, ee medezineschen Missionar aus den USA, war den 20. Mee an d'Virchow-Klinik, den Deel vun der Charité, deen op Infektioune spezialiséiert ass, opgeholl ginn, nodeems hie sech an der Demokratescher Republik Kongo bei engem Asaz infizéiert hat.
Dem Spidol no konnt een d'Ebola-Symptomer vum Patient mat enger kombinéierter antiviraler Therapie an zousätzlech medezinnescher Behandlung däitlech reduzéieren. Zanter dem 30. Mee gouf de Virus beim Patient net méi nogewisen.
De Patient gouf aus dem Kongo an Däitschland geflunn, well dëst him en Trajet vu weideren 12 Stonnen erspuert hätt, heescht et aus dem Wäissen Haus. De medezineschen Direkter vun der Sektioun fir Infektiounskrankheeten Leif Erik Sander huet dann zousätzlech erkläert, datt och d'Kapazitéite vun der Virchow-Statioun heibäi eng Roll gespillt hunn. Hei kënnen eng 20 Patiente gläichzäiteg behandelt ginn, ouni datt een den normale Spidolsbetrib stéiert.
D’Charité ënnersträicht, dass hir Spezial-Isolatiounsunitéit net nëmmen déi gréisst aus der Bundesrepublik ass, mä och déi eenzeg, wou Fachwëssen aus Infektiounskrankheeten an Intensivmedezin direkt kombinéiert kënne ginn. D'Personal gëtt dofir reegelméisseg an dësen Domainë forméiert. Dës Unitéit ass fir déi a liewensgeféierlech Krankheeten, déi och en héijen Infektiounsrisiko hunn, zoustänneg. Och ginn hei Patienten opgeholl, déi biologesch, chemesch oder radioaktiv kontaminéiert goufen. D'Statioun ass vollstänneg vum Recht vum Spidol ofgegrenzt a geschützt, fir eng sécher Isolatioun, Diagnos a Behandlung z'erméiglechen.
Nëmme speziell equipéiert a forméiert Mataarbechter hunn Zougang zu de Patientinnen a Patienten. All d'Personal muss speziall Schutzkostümer, wéi se och bei chemeschen Accidenter agesat ginn, unhunn. Dës Kostümer entspriechen den héchsten däitschen Norme fir Epidemieschutz. All Kostüm dierf nëmmen eng Kéier ugedoen a fir maximal dräi Stonnen gedroe ginn. Duerno muss d'Personal eng Paus agehalen an d'Schutzkleedung gëtt no der Dekontaminatioun zerstéiert.
D'Spezialstatioun ass deier oprechtzeerhalen: Nieft dem opwennegen Equipement muss héichqualifizéiert Personal ronderëm d'Auer prett stoen a reegelméisseg Formatioune maachen. Dem Sander no huele Ausbréch vun Ebola-änleche Krankheete weltwäit zou.
"Mir wäerten ëmmer méi esou Ausbréch gesinn, virun allem mat zoonoteschen Urspréng, wéinst verännerte Ökosystemer, Bevëlkerungsdicht a Mobilitéit. Esou Unitéite si wichteg, fir nei a geféierlech Infektiounskrankheeten ze bewältegen".
D'Charité huet och am Joer 2020 de russeschen Oppositiounsleader Alexei Navalny wéinst dem Verdacht op Vergëftung behandelt an 2015 eng aner Persoun, bei där de Verdacht bestanen huet, datt si Ebola huet.