
De Bal orientéiert sech un der klassescher Wiener Traditioun. Den “Wiener Ball"- Owend fänkt mat enger feierlecher Ouverture mat 40 Dänzerinnen an Dänzer un. Duerno sti Live-Musek vun engem Orchester an enger moderner Band um Programm, fir dat Traditionellt mat dem Modernen ze mëschen.
Nieft dem Danz gëtt och fir e kulturelle Programm gesuergt: eng Operesängerin, artistesch Optrëtter a professionell Dänzer solle fir Animatioun suergen. Dobäi kënnt eng Tombola mat ville grousse Präisser. De Benefice gëtt dann och gespent.

Fir d’Gäscht gëtt et zousätzlech e Menü vu 4 oder 5 Gäng. Wichteg ass den Organisateuren, datt de Ball net als elitäert Event verstane gëtt. Mat neien Ticket-Kategorie fir Studenten a jonk Leit soll d’Evenement fir e breede Public accessibel sinn a méiglechst vill Leit solle sech et leeschte kënnen, fir mat ze danzen.
Och wien net danze kann, ass wëllkomm: Danztraininge ginn am Virfeld ugebueden, mee si sinn net obligatoresch. Wat d’Kleedung ubelaangt, bleift d’Traditioun awer strikt: Dammen droen e Kleed, dat bis bal op de Buedem geet, an d’Hären droen e Frack oder Smoking mat enger Méck.
De Bal fänkt den 21. Mäerz um 18:30 Auer mat engem Welcome Drink un. Weider Informatiounen an Tickete ginn et op wienerball.lu.