Et ass net alles schwaarz-wäissGiel - Tëscht Sonn a Warnsignal

Michèle Schons
Giel ass eng vun deene Faarwen, déi mer besonnesch séier erkennen. Si ass hell a stécht aus villem eraus. Vläicht ass dat och e Grond firwat mer Giel esou dacks do gesi, wou eppes bemierkt soll ginn. Giel huet nämlech d'Aufgab, eis aus eisem normale Gedankegang erauszerappen.
© pixabay

Giel - Tëscht Sonn a Warnsignal

Gläichzäiteg huet Giel awer och eng ganz aner Säit. Mir verbannen et mat Sonneliicht, Freed, Optimismus a Liewensenergie. Eng giel Blumm oder e giele Raum kann hell a lieweg wierken. Giel huet also eppes liichtes un sech, bal wéi wann d'Faarf selwer e bësse Sonn matbréngt. Och déi kulturell Bedeitunge kënne ganz interessant sinn, Patricia Lippert:

Et gëtt och giel Téin, och do an Indie fënns de vill Textilien, déi esou ganz extra giel hunn. Et gëtt jo och "Indischgelb", dat ass e ganz déift Dottergelb, wéi Eegiel, am Fong geholl e richtegt gesiedegt Dottergelb.

Eis Sprooch weist wéi mir Faarwen emotional belueden. Dacks gëtt vun engem "giele" Gefill, oder vun engem "gielen" Näid geschwat, oder mir benotze Faarwen an Ausdréck, déi mat bestëmmten Emotioune verbonne sinn, esou dass d'Faarf zu enger Aart Sprooch gëtt.

Ah, jo, wa mer elo dorobber kommen, ech mengen dat ass eng ganz aner Geschicht, wéi mer do déi aarme Faarwe mat eisen, mam Homo Sapiens sengen Affekter zesummebréngen, dofir kann d'Faarf näischt.

Giel ass also net einfach Sonn a Giel ass och net einfach Warnung. Faarfpsychologie ass nämlech net esou einfach wéi Giel mécht glécklech oder Blo berouegt. Eis Reaktiounen hänke vum Kontext, vun der Erfarung a vun der Kultur of.

An och hei kënnt et op d'Dosis un. E klengen Akzent kann e Raum lieweg maachen, ganz vill a staarkt Giel kann awer och onroueg oder ustrengend wierken.

Patricia Lippert

Back to Top
CIM LOGO