ESCD’Catherine Nothum an der Jury vum däitschen ESC-Virentscheed

Loïc Juchem
D'Catherine Nothum am Gespréich mam Loïc Juchem. D'Lëtzebuergerin war de Weekend an der Jury vum Däitschen ESC-Virentscheed.
© ARD/SWR/Claudius Pflug

Am RTL Feierowend hate mir d’Catherine Nothum op Besuch an hunn op de Weekend zeréckgekuckt. D’Produzentin vum Jugendprogramm bei 100,7 war zu Berlin beim Däitschen ESC-Virentscheed dobäi – als Member vun enger internationaler Jury, mat Vertrieder aus 20 Länner. Néng Acts sinn ugetrueden, d’Fachjury huet hir Top 3 erausgesicht, an de Public huet duerno de Gewënner bestëmmt: d’Sarah Engels mat „Fire“ huet um Enn gewonnen.

© ARD/SWR/Claudius Pflug

D’Catherine Nothum huet am Interview erkläert, datt d’Jury am Studio live mat dobäi war an no den Optrëtter individuell hir Punkte verdeelt huet. Fir si ass den ESC eng „Bubble“ mat vill Glitzer an et wier spannend gewiescht bei dëser grousser Produktioun konnte matzewierken.

D’Catherine Nothum um Däitschen ESC Virentscheed

Bei der Bewäertung wier et net nëmmen ëm de Song gaangen, mee och ëm d’Live-Performance, d’Inzenéierung an d’Fro, ob en Act op enger grousser ESC-Bün funktionéiere kann. Sarah Engels war och an hirer perséinlecher Top 3, och wann net op der éischter Plaz.

Back to Top
CIM LOGO