Nei Gesetzer mat héije Strofen am Niger, Senegal a GhanaA villen afrikanesche Länner hu sech d'LGBTQ+-Rechter drastesch verschlechtert

RTL mat AFP
Eleng am Joer 2026 hunn dräi afrikanesch Länner d'Strofe fir homosexuell Koppele drastesch verschäerft. D'LGBTQ+-Rechter ginn um Kontinent aus verschiddene Grënn ëmmer méi schlecht.
Activists say LGBTQ rights are increasingly threatened in Africa
Aktiviste gesinn d'LGBTQ+-Rechter an Afrika ëmmer méi a Gefor.
© AFP/File

An deene leschte Méint hunn eng Rei westafrikanesch Länner de gläichgeschlechtleche Mariage gesetzlech verbueden. Domat huet sech d'Lag vun den LGBTQ+-Rechter ëmmer méi verschlechtert, dat op engem Kontinent, op deem se souwisou scho kee gudde Stand haten. Vun de 54 afrikanesche Länner sinn et aktuell just nach 20, déi de gläichgeschlechtleche Mariage net kriminaliséiert hunn.

Wat soen déi nei Gesetzer?

Am Joer 2023 huet Uganda déi wuel häertst Anti-LGBTQ+-Gesetzer opgesat, wou zanterhier op "verschäerft Homosexualitéit" d'Doudesstrof steet. Eng Rei Länner sinn duerno nogezunn. Zanter September 2025 steet a Burkina Faso op homosexuell Bezéiungen eng Prisongsstrof vu bis zu fënnef Joer an och am Nopeschland Niger gëtt et zanter Februar 2026 streng Prisongsstrofe vu bis zu 20 Joer. Am Mäerz ass dann nach de Senegal nogezunn an huet mat engem neie Gesetz d'Prisongsstrof fir gläichgeschlechtlech Bezéiunge vu fënnef op elo zéng Joer eropgesat.

Déi lescht Upassung gouf et dann am Mee am Ghana, wou d'Parlament e Gesetz opgestallt huet, wou et Prisongsstrofe vu bis zu dräi Joer gëtt fir Leit, déi eng homosexuell Bezéiung féieren a souguer bis zu fënnef Joer fir Leit, déi se "promouvéieren".

Firwat ?

"Politiker an dësem Land wëssen, datt hir Societéit immens homophob ass, also maache si dat, fir déi Leit gutt ze stëmmen" sou den Aktivist Agather Atuhaire aus Uganda der AFP. "LGBT+-Leit sinn Affer", déi vun de Politiker genotzt ginn, fir "Opmierksamkeet vu kriddelegen Theemen ofzelenken", sot de franséisch-senegaleseschen Expert Marame Kane.

Dat neit Gesetz am Senegal ass zwee Joer nom Amtsuntrëtt vum President Bassirou Diomaye Faye gestëmmt ginn. Dat zu engem Zäitpunkt, an deem hien opgefuerdert gouf, "op d'mannst e puer Resultater" am héich verschëlte Land "ze liwweren", wou d'Onzefriddenheet vun der Bevëlkerung ëmmer méi klëmmt, sou de Schrëftsteller a Socziolog El Hadj Souleymane Gassama. An enger Regioun, wou Homophobie déif verwuerzelt ass, "komme si ëmmer nees op dat eent Theema zréck, wou et eng unanime Meenung dozou gëtt, onofhängeg vu politeschen Divisiounen".

Relioun spillt dobäi och a Länner mat grousse muslimeschen oder chrëschtleche Majoritéiten eng Roll, wou déi konservativ Wäerter ëmmer nach dominéieren. D'Finanzéierung vun US-amerikanesche konservative Beweegunge kéinten dobäi och bäigedroen hunn, dat neit Gesetz duerchzebréngen, sou de Kane weider.

Firwat grad elo?

De Probleem ass och geopolitesch. "LGBT+Leit sinn e Symbol vu westlecher Dominanz an Afrika", wou se dacks markéiert ginn als Beispill vu supposéierte frieme Wäerter, déi op déi lokal Kultur imposéiert géif, seet den ivoreschen Anthropolog Stephane Ballet Djedje. Hien huet déi nei Gesetzer mat enger anti-westlecher Stëmmung a Verbindung bruecht, déi sech beispillsweis an den ugespaante Bezéiunge vu Frankräich mat senge fréiere westafrikanesche Kolonië weist, virun allem bei de Militärjuntaen, déi an deene leschte Joren a Burkina Faso, Mali an dem Niger ëmmer méi Muecht krut hunn.

Méi allgemeng gekuckt soll och nach déi grondsätzlech Hausse u Konservatismus op der Welt e Grond sinn, deen drop ziilt, "déi traditionell Uerdnung nees ze instauréieren". International Reaktiounen zu deenen neie Gesetzer gouf et quasi keng. Eng Verbesserung vun den LGBTQ+-Rechter an deene Länner ass an noer Zukunft also net wierklech a Siicht.

Back to Top
CIM LOGO