268.000 Euro Zweet Editioun vu Lëtz Go Gold, fir Sue fir d'Recherche ze sammelen

RTL Lëtzebuerg
De Kriibs ka jiddereen treffen. Och Kanner. Fir déi kleng Kriibspatiente ginn awer bis haut nëmme ganz wéineg Traitementer entwéckelt.
Zweet Editioun vu Lëtz Go Gold
De Kriibs ka jiddereen treffen. Och Kanner. Fir déi kleng Kriibspatiente ginn awer bis haut nëmme ganz wéineg Traitementer entwéckelt.

Dacks kréie se Medikamenter fir Erwuessener, wou den Dosage ugepasst gëtt. Ma d'Fuerscher wëssen haut, dass Kannerkriibs sech dacks anescht verhält, dofir spezifesch Therapie missten entwéckelt ginn.

Fir dës Recherche finanziell ze ënnerstëtzen, huet d'Fondatioun kriibskrank Kanner um Samschdeg déi zweet Editioun vu  Lëtz Go Gold organiséiert.

750 Leit sinn d'Parcourse vun annerhallwem, 5 oder 10 Kilometer op der Kockelscheier mat gelaf. Si all haten am Virfeld Sue gesammelt, esou datt bis elo e bësse méi wéi 268.000 Euro konnte gesammelt ginn. Dës Done wäerten 3 Projeten zegutt kommen.

Back to Top
CIM LOGO