CGDISZwee Mol hat et gebrannt, Kand ugestouss an Accidenter mat Blesséierten

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt um Sonndeg de Moien e puer Tëschefäll.
© RTL Archivbild

Ugefaange kuerz no 17 Auer op der Kockelscheier, do hat an der Rue Mathias Weistroffer eng Poubelle gebrannt.

Géint 18 Auer gouf an der Stad an de Rue du Fort Neipperg e Kand vun engem Auto ugestouss. Wéi d'Police spéider nach gemellt huet, ass de Jong tëscht 2 geparkte Ween op d'Strooss gelaf. De Chauffer hätt nach probéiert auszewäichen, krut d'Kand awer mat ganz niddereger Vitess ze paken, dat doropshin op de Buedem gefall wier. De jong koum an d'Kannerklinik.

Zu Zolwer stoung kuerz no 22 Auer e Gaardenhaus a Flamen. Do gouf et ee Blesséierten. D'Ambulanz an d'Pompjeeë Suessem-Déifferdeng, sou wéi déi vu Käerjeng waren op der Plaz.

En Accident gouf et um 3.38 Auer nach zu Rammerech am Rond-point. Een Auto war do an ee Schëld gerannt. Béid Passagéier am Gefier koume fir eng Kontroll an d'Spidol.

Bei Rouderssen sinn e Sonndeg de Moie géint 10.30 Auer 2 Autoen aneneegerannt. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO