CGDISZwee Blesséierter bei zwee Accidenter um Méindeg den Owend
Géint 19.20 Auer sinn tëscht Clierf a Lenzweiler zwee Autoe kollidéiert, woubäi eng Persoun verwonnt gouf.
Verëffentlecht: 30.01.24 07:12, Update: 09.12.25 11:47
Kuerz virun 20 Auer gouf et dunn nach en Accident tëscht Wëntger an dem Antoniushaff. Och hei gouf et ee Blesséierten.