Trotz strengen Oploen a laange Prozedure wäert d'Zuel vu Wandrieder an den nächste Joren däitlech klammen. De gréisste Produzent vu Wandenergie hei am Land, d'Firma ''Soler'' baut 35 nei Wandrieder. 8 Standuerter komme bäi. Soler wäert seng Aktivitéiten déi nächst Joren als quasi verduebelen.
De Staat promouvéiert d'Wandenergie op zwou Manéieren. Ganz klassesch kann ee Produzent fir säi Projet eng Investitiounshëllef ufroen. Op der anerer Säit versprécht d'Regierung de Produzente vu Wandenergie e garantéierten Aspeise-Präis vun 9 Cent pro Kilowattstonn. Wann dee Präis um Marché net bezuelt gëtt, da stockt de Staat eben no uewen op.
