
D'Zuel vu Juegdschäiner, déi offiziell pro Saison ausgestallt ginn, ass bannent de leschten 10 Joer stänneg an d'Luucht gaangen, d'Kontrollen awer wärend de Klappjuegte goungen zréck.
D'zoustänneg Ministesch Carole Dieschbourg liwwert "Chiffres à l'appuie".
D'Urteel Clesse dëser Deeg huet et gewisen: d'Juegd ass a bleift e Sujet deen emotional gefouert gëtt. Um Terrain selwer awer, ass d'Tendenz vu Leit, déi hire Juegd-Exame maachen, net réckleefeg. Am contraire: Bei de Chiffer vun offiziellen aktuell 2250 Schäiner, déi op d'Joer lafen oder professionell sinn, kommen nach eng ronn 260 Juegdschäiner dobäi, déi nëmmen 3 Deeg valabel sinn, a fir Jeeër gëllen, déi net am Land wunnen. Dës kaschte 50 Euro.
D'Evolutioun iwwert d'Joren gekuckt ass awer interessant: Waren et virun 10 Joer nach 2089 Schäiner fir ze joen, déi ausgestallt gi waren, sou goung dee Chiffer iwwert d'Joren stänneg an d'Luucht, fir, wéi gesot lo bei 2250 ze leien, also ronn 160 där Autorisatioune méi.
Dann ginn et och offiziell Kontrolle wärend de Juegten: dës goungen awer substantiell bannent de leschte 5 Joer erof: goufen 2014 nach 50 Klappjuegten d'Joer kontrolléiert, war dat zejoert op 19 Plazen de Fall. Goufen 2014 nach 1425 Juegdschäiner kontrolléiert, sou louch dee Chiffer zejoert bei ronn der Hallschent nëmmen nach 714.
Dann kënnt et natierlech och zu Retraiten, obwuel dëst ganz seele virkënnt: iwwert déi läscht 10 Joer gekuckt hunn 25 Jeeër hire Permis missten ofginn, wëll en agezu gouf.
Dës Chifferen deelt d'zoustänneg Ëmweltminister Carole Dieschbourg dem Marc Goergen vun de Pirate mat, deen dëst an enger parlamentaresch Fro wollt wëssen.
Firwat et manner Kontrolle wärend de Juegte ginn, präziséiert d'Ministesch iwwerdeem net.
Wéi vill Lëtzebuerger iwwerdeem am Ausland hire Juegdschäi maachen an dann eng Equivalenz hei am Land ufroen, kann net gesot ginn, well d'Nationalitéit beim Ausstelle vun de Permis de chasse keng Roll spillt.
D'Verlängere vun engem Juegdschäi kascht iwwerdeem 150 Euro.
De Juegd-Examen, deen och eng Tax vun 150 Euro kascht, setzt sech iwwerdeem aus engem praktesche Stage, enger Initiatioun fir ze schéissen an engem schrëftlechen a mëndlechen Examen zesummen.
Den Optakt vun der neier Juegdsaison ass no Ouschteren dëst Joer, den Ament sinn iwwerdeem fir all Juegdsyndikater am Land obligatoresch Generalversammlungen ofgehalen, sou wéi et och am neie Juegdgesetz virgesinn ass.
An deem Kader waren déi iwwer 600 Juegdlousen am ganze Land jo och nei definéiert ginn.