Éischt ImpressiounenZu Tréier freet ee sech, dass Lëtzebuerg kee Risikogebitt méi ass

RTL Lëtzebuerg
Nodeems Lëtzebuerg jo vun der schwaarzer Lëscht vum RKI erofgeholl gouf, wäert an den nächsten Deeg nees méi lass sinn, déisäits der Musel.
Lëtzebuerger sinn an Däitschland nees Wëllkomm
De François Aulner war bis op Tréier kucken, wéi d'Leit do d'Situatioun ëmpfannen.

Lëtzebuerg gëllt fir déi däitsch Autoritéiten net méi als Risikogebitt. Den däitschen Ausseministère huet en Donneschdeg de Moien och d’Reeswarnung fir Lëtzebuerg opgehuewen.

En Ausfluch op Tréier / Reportage vum François Aulner

Robert Koch Institut: Däitschland stuuft Lëtzebuerg net méi als Risikogebitt anBis d’Decisioune vun Uewen ënnen um Terrain ukommen, dauert wéi et schéngt e bëssen: sou ass elo sécher, datt een ouni Quarantän an d’Saarland ka goen. Fir Rheinland-Pfalz ass dat nach net confirméiert. Fir sech e Bild um Terrain ze maachen, war de François Aulner op Tréier.

D’Tréierer Geschäftswelt ass erliichtert, datt Lëtzebuerger erëm däerfen an d’Stad kommen. Tëscht dem 14 Juli an haut wier den ëmsaz ëm 30% ageknéckt, schätzt den Tréierer Vertrieder vun de Geschäfter. Weekends a Feierdeeg souguer bis 40-50%. Et ass een zouversiichtlech datt erëm alles besser gëtt.

Béist Blutt tëscht Tréier a Lëtzebuerg gëtt et kaum. Et ginn ëmmer e puer sougenannt „hater“, mä di meescht wëssen, datt weder d’Lëtzebuerger nach d’Tréierer fir d’Rees-Restriktioune verantwortlech waren.

Back to Top
CIM LOGO