
Déi lokal Sektioun vun déi Gréng hat dësen Owend organiséiert an och dee Mann invitéiert, deen dëse Film gemaach huet. Den Ingwar Perowanowitsch war vill gefrot. Am spéiden Nomëtteg war den Däitsche Journalist a Realisateur och scho bei Pro Vëlo ënnert anerem fir e Rendez-vous mat der Press.
Den Ingwar Perowanowitsch hat sech d'lescht Joer op eng méi aussergewéinlech Rees gemaach. Hien ass mam Vëlo duerch e puer vun deene schéinste Vëlosstied an Europa gefuer. Hien huet sech do och all Kéiers mat Gespréichspartner getraff an ëmmer erëm gewisen, datt eng Stad, an där de Vëlo Prioritéit huet an den Auto eigentlech net méi gebraucht gëtt, duerchaus méiglech ass.
"Virun allem ginn ech der Fro no, wat fir Viraussetzungen et brauch, fir eng Vëlosstad ze ginn a virun allem, wat kënne mer eis an deene Länner, wou dat nach net esou gutt klappt, kucke wat mer vun anere Länner kënne léieren. Meng Rees féiert mech vu Paräis an d'Belsch duerch Holland, Hamburg bis op Kopenhagen. Ech hunn och ëmmer Politiker getraff, Experten, Aktivisten."
Am Film gesäit een zum Beispill, wat fir enorm Changementer et an deene leschte Joer zu Paräis gouf. Stroossen, déi just nach fir de Vëlo do sinn, eng Stad déi vill méi gréng gëtt a wou d'Autoen ëmmer méi aus dem Stadbild verschwannen. Méiglech gemaach huet dëse Changement déi fréier Buergermeeschtesch vu Paräis, d'Anne Hildago. An hollännesche Stied ass de Vëlo scho laang net méi ewech ze denken. Zu Amsterdam zum Beispill waren et d'Kanner, déi ugangs de 70er Jore gefuerdert hunn, datt d'Stroosse géifen zougemaach ginn, fir datt si och erëm eng Plaz fir ze spillen hätten.
All d'Stied, an deenen den Ingwar Perowanowitsch war, hunn eent gemeinsam. Si weisen, datt een do ganz gutt ouni Auto liewe kann, well d'Politik fir d'éischt déi néideg Viraussetzunge geschaaft huet.
"Dat nennt een och "Angebotsorientierte Verkehrsplanung". Also et muss een de Leit eng Offer maachen an eréischt da kann een erwaarden, datt se hir Mobilitéit ëmstellen. Dofir bréngt et guer näischt, wa vun der Politik eng Campagne gemaach gëtt, fir datt d'Leit méi Vëlo fueren, wann d'Konditiounen einfach net esou sécher sinn, datt d'Leit gäre Vëlo fueren. Dofir wann de Staat sech op de Fändel schreift et wéilt een eng liewenswäert, klimafrëndlech, gesond Stad, da muss een d'Offer esou veränneren, datt d'Leit hiert Mobilitéitsverhalen upassen. Dozou gehéiere besser Konditioune fir Vëlosfuerer, Foussgänger an den ëffentlechen Transport."
Parallel misst een d'Konditioune fir d'Automobiliste méi schwiereg maachen an da géif een et fäerdeg kréien, datt d'Leit fräiwëlleg den Auto stoe loossen. Wann een d'Mobilitéit nohalteg a laangfristeg wëll veränneren, dierf een de ländleche Raum net vergiessen. "Am ländleche Raum si séier Vëlospisten e wichtege Punkt. Och eppes wat Holland perfektionéiert huet. Do kanns de iwwer 40 Kilometer tëschent grousse Stied och bequeem mam Vëlo op gudde Vëlospisten ënnerwee sinn. De Vëlo ass am ländleche Raum awer net fir alles eng Léisung. Do spillt och den ëffentlechen Transport eng wichteg Roll an an Zukunft schwätze mer vläicht vun zum Deel autonomen on demand Shuttle-Systemer, datt een op d'mannst net méi esou op en eegenen Auto ugewisen ass."
Den Auto wier eng Käschtefal, seet den Ingwar Perowanowitsch, a wann ee vu sozialer Gerechtegkeet schwätzt, misst ee jidderengem d'Méiglechkeet ginn, op en eegenen Auto kënnen ze verzichten.