
E Freideg de Moie war et géint 7.34 Auer op der N11 zu engem geféierlechen Iwwerhuelmanöver vun engem Automobilist komm. Den Informatiounen no soll et sech beim Gefier ëm e groe Mercedes Modell G mat Lëtzebuerger Plack handelen.
De gemellte Chauffer huet een Auto iwwerholl, deen op der lénkser vun den zwou Spuere vu Jonglënster a Richtung Waldhaff gefuer ass, woubäi et bal zu enger Frontalkollisioun mat engem weidere Gefier komm ass.
An dësem Zesummenhang sicht d’Police no Zeien, fir d’Gefier identifizéieren ze kënnen. All Informatioune si fir d’Kommissariat Kierchbierg/Zens ënnert der Nummer (+352) 24 44 71000 oder per E-Mail u Police.KIRCHBERG@police.etat.lu.