Schëllege Chauffer festgehollZe vill gedronk, Fra ugestouss a Fahrerflucht

RTL Lëtzebuerg
An der Rue Gaffelt zu Diddeleng ass leschten Donneschdeg géint 17 Auer eng Foussgängerin um Trottoir vun engem Auto ugestouss ginn.

Den Automobilist huet sech direkt duerch d'Bascht gemaach, ouni ze kucken, wéi et der Fra géing goen. Schonns wéi hien an d'Rue Gaffelt eragefuer ass, war hie bal mat engem aneren Auto kollidéiert. De Chauffer konnt kuerz drop ermëttelt ginn.

De Mann hat ze vill gedronk, wat och een Test confirméiert huet. De Permis war op der Plaz fort. D'Gefier vum Mann gouf um Parking vun der Schoul an der Rue Gaffelt fonnt, woubäi een huet misse feststellen, dass hie beim Aparken och nach een anere Won beschiedegt hat.

Weider huet d'Police erausfonnt, dass de Contrôle technique vum Auto schonns zanter September ofgelaf war. Op Uerder vum Parquet ass de Mann festgeholl ginn an hie koum virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO