Zanter Hallefnuecht dierfen nees Flich aus Groussbritannien hei zu Lëtzebuerg landen. Passagéier sinn duerch eng Decisioun vum Aussen-, dem Transport- an dem Santésministère awer u Konditioune gebonnen, fir kënnen an de Grand-Duché zréckzekommen.
Et muss ee kënnen en negativen PCR-Test virweisen, deen net méi al wéi 48 Stonnen.
All déijéineg, déi en Test gemaach hunn, deen awer méi al wéi 48 a manner al wéi 72 Stonnen ass, muss sech direkt bei senger Arrivée hei am Land nach emol um Findel teste loossen a sou laang an Auto-Quarantän goen, bis en negatiivt Testresultat virläit.
Wéi d'Luxair an engem Schreiwes nach präziséiert, ginn och d'Resultater vun Antigen-Schnelltester acceptéiert.
Déi national Fluchgesellschaft flitt iwwert d'Feierdeeg 5 Aller-Retour Flich op London. Dem Ausseminister Jean Asselborn no, hale sech den Ament eng 500 Persounen aus dem Grand-Duché a Groussbritannien op, déi mat der Luxair dohinner geflu sinn. Zil wier et, déi sou séier wéi méiglech zréckzebréngen. Deen éischte Vol op London geet am Nomëtteg um 15.45 Auer eraus.