Onkooperative Chauffer zu HollerechWidder Auto urinéiert, um Steier ageschlof, duerno an Arrest

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op en Dënschdeg ass d'Police op en alkoholiséierte Chauffer opmierksam gemaach ginn.
Police
Police
© RTL Archivbild

En Zeien hat der Police ugeruff a gemellt, dass en Automobilist no engem Iwwerhuelmanöver stoe bliwwe wier a widdert säin Auto urinéiert hätt.

Géint 2 Auer huet eng Patrull de Chauffer entdeckt, hie war a sengem Auto ageschlof.

Beim Alkoholtest koum eraus, dass den Héchstwäert duebel esou héich war wéi erlaabt. De Permis gouf agezunn. De Mann war donieft net ganz kooperativ an huet d'Beamte provozéiert. Hie koum an Arrest, huet virdrun awer op d'Poliziste gespaut a si beleidegt.

Back to Top
CIM LOGO