
Weltwäit hunn tëscht 12 a 15 Prozent vun de Leit Léierschwächten ewéi Dyslexie oder Recheschwieregkeeten. Dowéinst setzt sech zanter 16 Joer d’Associatioun Dysphasie.lu hei am Land an, fir dëse Mënschen ze hëllefen a se nach besser z’ënnerstëtzen. Zum Beispill kréie se Nohëllefsstonnen ugebueden.
D’Zil vun der Associatioun Dysphasie.lu ass et, Leit mat Léierschwächten an hiren Elteren ze hëllefen. Donieft wëll d’Associatioun nach besser iwwer Léiwerschwächten informéieren a sensibiliséieren. D’Associatioun bitt an der Woch a samschdes Nohëllefsstonnen un.
Ëmmer méi Enseignanten entdecke Léierschwächte fréi.
Et ginn dann och verschidden Unzeechen dofir. ZanterJore kréie Kanner mat Léierstéierungen an der Schoul hei am Land eng besser Ënnerstëtzung duerch spezialiséiert Enseignanten. Eng 300 där Enseignantë sollte rezent agestallt ginn. Bis ewell gouf awer nëmmen en Deel dovun agestallt.
D’Associatioun schafft dann och weiderhin un Léisungen, fir d’Konditiounen an deem Beräich hei am Land ze verbesseren.