
Eng gutt Nouvelle wier, dat een nach ëmmer net géif gesinn, dat eng Grippewell opkënnt.
Den LNS kann all Woch 384 Vire sequenzéieren. Fir d'Kalennerwoch 3 konnt een esou 11 Prozent vun alle Fäll iwwerpréiwen.
Déi heefegst Variant ass den Ament de B.1.160 mat 44,1%, déi zweetheefegst ass de B.1.1.7, och bekannt ënner der "brittescher Variant" mat 16,1%.
Bei der B.1.160 handelt sech ëm déi Variant, déi iertemlecherweis als "Lëtzebuerger Variant" an däitsche Medien zirkuléiert. Fäll vun der brasilianesch/japanescher Variant goufen nach keng fonnt.
De Staatslabo präziséiert am Rapport, dat een net direkt kéint Réckschlëss op d'Prevalenz vun de Varianten an der Gesamtpopulatioun zeien, well 50% op Demande vun der Inspection Sanitaire iwwerpréift ginn an et doduerch kee representativen Echantillon vun de Residenten ass.
De ganze Rapport fënnt een hei.
Op Nofro hin heescht et vum Gesondheetsamt Halle, datt et sech net ëm d Variant B.1.1.6 géif handelen, wéi se vill an den däitsche Medien zitéiert gouf, mee ëm de B.1.160.
Dëst ass eng Variant, déi schonn a villen aneren europäesche Länner sequenzéiert gouf a relativ heefeg virkënnt. Et gëtt deemno kee Grond, dës Variant "Lëtzebuerger" ze nennen.
An engem Rapport vum Staatslabo vum 27. Dezember 2020 ass iwwert de B.1.160 ze liesen:
"Lineage B.1.160 represents an EU/EEA and UK multi-country cluster which involves Belgium, France, Germany, and the United Kingdom. It is characterized by a spike protein mutation S: S477N, occurring in combination with N: M234I, A376T, ORF1a: M3087I, ORF1b: A176S, and most also with ORF1b: V767L K1141R, E1184D."
Mëttlerweil goufe weltwäit méi wéi 4.000 Variante vum Sars-Cov-2 nogewisen.
