Etüd am Kader vum LSTWéi ustiechend sinn asymptomatesch Persounen?

Monica Camposeo
Duerch de Large Scale Testing huet Lëtzebuerg eenzegaarteg Donnéeën.

Dës Donnéeë kënne virun allem hëllefen, fir d'Fro ze beäntweren, wéi ustiechend asymptomatesch Persoune sinn. De Prof. Dr. Paul Wilmes a seng Ekipp vun der Uni Lëtzebuerg hu sech dës Fro och gestallt an dofir d'Date vun der éischter Phas vum Large Scale Testing analyséiert.

Hei geet bei d'EtüdD'Etüd kuckt sech 850 Persounen un, déi am Kader vum Large Scale Testing tëscht dem 27. Mee an dem 15. September positiv getest goufen. Et sinn also Leit, déi prinzipiell ouni Symptomer an den Test ginn. Wéi dës Leit nom positive Resultat vun der Santé ugeruff kruten, hu si missen uginn, ob si Symptomer hunn oder net. 567 Persounen hunn uginn, dass si Symptomer spieren. Déi asymptomatesch an déi symptomatesch Leit goufen esou an zwou Gruppen agedeelt. Wéi erkläert sech de Prof. Dr. Paul Wilmes, dass zwee Drëttel vun de Persounen nom Test Symptomer entwéckelt hunn?

"Et ass och méiglech, dass sech do Leit mat liichte Symptomer oder och natierlech Leit, déi presymptomatesch waren, déi also nach keng Symptomer haten, wéi si sech teste gelooss hunn. Mä et ass jo awer esou, dass de Large Scale Testing e populatiounsiwwergräifenden Echantillon representéiert. An et ass jo kloer, dass, well zu dem Ament eng Prevalenz existéiert huet, déi och relativ héich war, dass mir dann och Leit fonnt hu mat Symptomer."

An der Etüd spillen d'Kontaktpersounen eng wichteg Roll. Et gouf gekuckt, wéi vill vun hinnen nodréiglech och positiv getest goufen. An, ob et en Ënnerscheed tëscht de Kontaktpersoune vun asymptomtesche Fäll an deene vun symptomatesche Fäll gëtt.

"Wat eis Donnéeën eis soen, ass, dass et do am Fong guer keen Ënnerscheed gëtt an dat ass och deckungsgläich mat enger Rei aneren internationalen Etüden. An wat bei eiser Etüd eben erauskënnt, ass, dass am Duerchschnëtt ee Fall, deen asymptomatesch war, 0,6 Kontakter ugestach huet a bei den symptomatesche Fäll ware mer bei 0,7."

Ronderëm d'Moyenne ass awer eng staark Standardabweichung. Dat bedeit, dass et grouss Ënnerscheeder gouf, ob en asymptomatesche Fall eng oder méi Persounen ugestach huet oder eventuell och guer keng.

D'Etüd ass den Ament nach am sougenannte Peer Review-Verfaren am Magasinn "The Lancet", wat bedeit, dass aner Fuerscher se nach iwwerpréiwen a Feedback äussere kënnen.

Etüd aus Wuhan
Sinn asymptomatesch Leit ustiechend oder net?

Back to Top
CIM LOGO