SantéskommissiounWéi geet et virun nom 1. Februar a Kritik un der Impfstrategie

Annick Goerens
Lynn Cruchten
Um 1. Februar lafen déi aktuell Covid-19-Gesetzer aus a bis dohi muss eng Decisioun geholl ginn, wéi et viru geet.
Santéskommissioun: Wéi geet et virun nom 1. Februar?
Um 1. Februar lafen déi aktuell Covid-19-Gesetzer aus a bis dohi muss eng Decisioun geholl ginn, wéi et viru geet.

An Däitschland gëtt den haarde Lockdown bis Mëtt Februar verlängert an och a Frankräich an an der Belsch goufe rezent d'Mesurë verschäerft an deels verlängert. Wéi geet et dann nom 1. Februar hei am Grand-Duché weider, wann déi aktuell Covid-Gesetzer oflafen?

Ënner anerem och doriwwer hunn d'Deputéiert vun der Santéskommissioun en Dënschdeg de Moie mat der Ministesch diskutéiert.

Santéskommissioun / Reportage vum Annick Goerens

RTL-Informatiounen no wier e Sonndeg Regierungsrot. D'Paulette Lenert huet en Dënschdeg de Mëtteg och confirméiert, dass d'Regierung Enn der Woch géing d'Situatioun evaluéieren. D'Zuelen hei am Land géinge gutt evoluéieren, ma wéi een am Ausland géing gesinn a wéi och d'Experte géinge warnen, wier d'Mutatioun eng grouss Inconnue, a genee dofir misst een dës Woch nach ofwaarden.

„Ech mengen et ass schwéier, sech elo festleeën, well d'Situatioun, déi ass wéi se ass. Et muss een dovun ausgoen, dass de Principe de précaution dat wäert sinn, wat eis hei guidéiert. Alarmant ass et bei eis an dem Sënn, Stand haut, nach net, well d'Zuelen nach ëmmer iergendwou am Grénge sinn. Mir hunn och fir d'éischt elo relativ gutt Kläranlagsresultater. Mee wéi gesot, et steet am Raum halt eng gewësse Gefor, e grousse Risiko vun engem Ustig. Dat ass dat, wou mer drop higewise ginn. Sou dass et elo weder Indicateure  gëtt, dass et bei eis misst méi streng ginn, nach e groussen Optimismus do ass, fir ze soen, mir kënnen elo just op eis kucken a grouss Schrëtt a Richtung Lockerung maachen."

D'Paulette Lenert

Kritik gouf et en Dënschdeg de Moien ënner anerem fir d'Impfstrategie. Et géing u Previsibilitéit feelen. D'Regierung kéint op d'mannst graff Zäitraim nennen, fënnt den Deputéierte vun déi Lénk Marc Baum.

„Also zum Deel versteet een et, well d'Regierung jo och bëssen tributaire vun de Produzenten ass op der enger Säit. Ma op der aner Säit ass et awer schonn enttäuschend, dass ee vu Woch zu Woch d'Gefill huet, awer bëssen higehalen ze ginn. Et gëtt ëmmer op extern Avise referéiert an et ass kee previsibelen Timing, dee wierklech ugekënnegt gëtt."

Extrait Marc Baum

D'Ministesch kann d'Reprochen net novollzéien. D'Regierung wär transparent an hätt lescht Woch an der Chamber presentéiert, wéi een a punkto Prioriséierung vun den Impfunge wéilt virgoen.

„Do waarde mer elo op den Avis vum Ethikrot. Dat ass eppes, wat mer ganz seriö huelen, dee froe mer jo net just pour la forme, mee mir si wierklech do gespaant, wat den Avis ass zu eiser Propos. Soubal mer den Avis hunn, wäerte mer da gesinn, ob et bei der Propos bleift, wéi mer se bei den Deputéierte virgestallt haten oder ob mer Ajustementer wäerte maachen."

Donieft géinge sech nach ëmmer vill Froe ronderëm d'Impfung vun de vulnerabele Persoune stellen, kritiséiert och den CSV-Deputéierte Claude Wiseler.

„Wéi dat elo an der Praxis soll stattfannen, wéini se kontaktéiert ginn a wéi et erausgesicht gëtt also wéi déi Vulnerabilitéit festgestallt gëtt, dat wësse mir nach ëmmer net. Och dat ass e Problem, well dat sinn nu wierklech vill Leit, déi sech d'Fro stellen, sinn ech vulnerabel a wéini kommen ech drun."

Extrait Claude Wiseler

Wat vulnerabel ass, wier definéiert an näischt Vages, präziséiert d'Paulette Lenert dogéint. Vun der Direktioun vun der Santé wier dat unhand vun engem Avis vum Conseil des maladies infectieuses festgehalen. Do géing et och ee Listing gi vu Krankheeten, déi dozou féieren, dass een als vulnerabel kategoriséiert gëtt. D'Doktere géingen de Listing kennen, dat wier näischt Neies. Wa Leit do Zweiwelen hunn, da wier den Dokter den Uspriechpartner, sou nach d'Santésministesch Paulette Lenert.

En Dënschdeg de Moien goufen iwwerdeems eng ganz Rëtsch Datumer zeréckbehalen, wou sech d'Kommissioun wäert gesinn, fir iwwer d'Zukunft vum Santéssecteur an d'Opwäertung vun de Santésberuffer ze schwätzen.

Back to Top
CIM LOGO