Lokal Festivitéiten a Corona ZäitenWéi ass d'Situatioun fir Veräiner an Associatiounen?

RTL Lëtzebuerg
Vill Duerf- a Wäifester, déi soss am Summer organiséiert ginn, hu wéinst der Kris missten annuléiert ginn.
© RTL Télé Lëtzebuerg

Fir kleng Veräiner an Associatioune sinn dës Manifestatiounen awer dacks d'Haaptakommes am Joer. Verschidde Veräiner hu sech dofir Alternativen afale gelooss oder d'Festivitéiten einfach verréckelt.

De "Wäinhappening" zu Meechtem huet op Grond vun de Mesurë relativ fréi missen ofgesot ginn. D'Wäistuffen hunn de Weekend vum 23. August awer op, präziséiert de Claude Pundel vun der Entente des Sociétés Meechtem. D'Veräiner an der Entente profitéieren all Joer vum Wäischmaachen, well si do déi meeschte Suen eran kréien. Méi kleng Veräiner, wéi zum Beispill den Dëschtennis, déi jo en Trainer musse bezuelen, missten sech elo aneschters arrangéieren.

D'Drauwen- a Wäifest zu Gréiwemaacher gouf direkt op d'nächst Joer verluecht, grad wéi d'Kréinung vun der neier Wäikinnigin. Déi designéiert Kinnigin Jessica hätt esou kee schéint Joer kënne feieren an och d'Kréinung vun der neier Drauwekinnigin wier net esou schéin gewiescht, dofir wier ee sech eens gewiescht fir den Datum op d’ nächst Joer ze verleeën, seet d'Carole Clemens, Presidentin vum Comité des Fêtes Gréiwenmaacher. Och do si soss vill Veräiner vertrueden, eng méi kleng Versioun wier wéinst den Zuelen awer net méiglech gewiescht.

Eenzel Veräiner hu kleng Aktioune geplangt, wéi Hamburger verkafe fir e puer Suen ze verdéngen. De Comité bréngt iwwerdeems zesumme mat den zwou Maacher Kellereien eng extra Cuvée eraus, déi een elo virbestelle kann. Do donieft verkafe si och verschidde Gadgeten, wéi och Bijoue – ganz am Sënn vum Drauwen-a Wäifest. Zwar kéim een ee Joer ouni Wäifest hin, ma esou hätt een awer e klenge Revenue.

Déi Bartrenger Veräiner hu sech iwwerdeems eng Alternativ zu hirem traditionellen Duerffest afale gelooss. Do huet am Prinzip all Veräin en eenzele Stand, ma dëst Joer hu si zesumme mat der Brauerei Simon e Béier erausbruecht, deen d'Awunner bestelle konnten. Mat engem Won sinn si dee verdeele gaangen, esou den Marc Mannes, President vun der Entente Duerffest Bartreng. Eng 13 Veräiner sinn an der Entente, vill Memberen hunn de ganze Weekend iwwer um Won gehollef.

No 25 Joer Duerffest hätt all Veräin e puer Reserven, mengt de Marc Mannes, et hätt ee jo och manner Ausgaben iwwert d’ Joer. Ma et wier een awer ëm esou méi frou, wéi och déi Miseler Veräiner, fir d'Leit d'nächst Joer nees bei de Festivitéiten ze begréissen.

Back to Top
CIM LOGO