Erklärunge vum Roy GrotzWat stécht hannert der Enquête OpenLux?

Roy Grotz
Dem Soir no huet ee vu 7 Milliardären, deen am Forbes-Ranking figuréiert, e Lien mat Lëtzebuerg, natierlech net physesch, mä via eng Finanz-Struktur.

D'Titelen an der Press hu keng Zweiwel gelooss: D'Lëtzebuerger Finanzplaz duerch de Scanner gejot - 4 Milliounen Dokumenter vu 17 Presse-Organer duerchliicht - den Dossier OpenLux: d'Radiograpghie vun engem Finanz-Paradäis oder och "Klengt Land, grouss Suen".

Op wat hu sech d'Journalisten konzentréiert? De Roy Grotz mat engem Echantillon vun de Beispiller...

Wat stécht hannert der Enquête OpenLux - Deel 1

De Reporter-Kolleegen, dorënner der Woxx, goung et drëms fir exhaustive ze weisen, wat de Finanzsecteur dissimiléiert, also verstoppt.

Esou verstoppt waren d'Informatiounen dann och net, well d'Journalisten - eegenen Donnéeë no - 140.000 Societéiten duerchliicht hunn, an dobäi - wéi si et ausdrécken - d'Dier vum Safe Lëtzebuerg e Stéck opgemeet hunn.

Fonnt goufen an de Regësteren - dem RCS an dem RBE- iwwer 117.400 Beneficiairen an Administrateuren , wouvunner 266 Milliardär sinn - am Artikel vum Soir gëtt Lëtzebuerg als Schwäizer Täschemesser vun der internationaler Finanz bezeechent, deem säi Succès op Diskretioun a Verdäischtere vun Informatiounen bezunn war.

"War" - well lo eeben iwwert d'Regëstere kann novollzu ginn, wien eng Firma hei am Land opgemeet huet, an ergo seng Finanzen via de Grand-Duché geréiert - aus wéi enge Grënn och ëmmer - an domat dem Land, wou hie wunnt, eventuell Steier-Recette verluer ginn.

Dem Soir no huet 1 vun 7 Milliardären, deen am Forbes-Ranking figuréiert, e Lien mat Lëtzebuerg, natierlech net physesch, mä via eng Finanz-Struktur. Dorënner zielen Nimm wéi Bernard Arnault oder och de spueneschen Grënner vun der Chaine Zara, Amancio Ortega.

Wat stécht hannert der Enquête OpenLux - Deel 2

An de Regësteren tauchen dann och vill bekannt Nimm vu Sportler a Kënschtler op, déi op d'mannst 25% vun de Parten an enger Lëtzebuerger Gesellschaft halen. Sou z.B. déi fréier Koppel Brad Pitt an Angelina Jolie, d'Sportler Tiger Woods, David Luiz, Hugo Loris, d'Acteuren Dieter Hallervorden an de Robert Geiss aus der Serie "Die Geissens", de BMW-Aktionnär Stefan Quandt, oder och d'Ex-Model Claudia Schiffer, fir just e faarwegen Echantillon vun Nimm ze nennen. Abënns an d'Ae stécht awer dann, datt de Journalisten an hirer Recherche opgefall ass, datt hannert Gesellschaften Nimm vu Leit stinn, déi am Kontext mat der Mafia-Organisatioun Ndrangheta, respektiv mafiéise Strukturen a Russland genannt ginn. Da läit de Reproche no, datt Lëtzebuerg mëssbraucht gëtt, fir Blanchiment vu Suen, déi duerch Bedruch, Fälschen, Korruptioun oder aus dem Handel mat Drogen an d'Täschen vu presuméierten Kriminellen gefloss sinn.

Et bleiwen natierlech Froen opstoen, respektiv schreiwen d'Kolleegen am Soir vu "Failles"am RBE: sou wier nëmmen bei der Hallschent vun den 140.000 Firmen e Beneficiaire Effectif deklaréiert. Dem Direkter vum RBE Yves Gonner no wiere bal 19.000 Entitéiten un de Parquet gemellt ginn, déi hir Deklaratioun op den 31. Dezember net gemaach hunn. Da géifen et 41.500 Firmen ginn, déi den Numm vum "richtegen" Beneficiaire guer net nennen. An deem Fall gi sougenannte  Stréimänner vun z.B. Fiduciairë virgeschéckt, ouni datt déi reell Beneficiairen nominell optauchen. Den Yves Gonner seet effektiv dem Soir géintiwwer, datt d'Kontrolle vun den Informatiounen am Regëster nëmme sommaire wieren.

Egal wéi d'Informatiounen, déi OpenLux devoiléiert, kategoriséiert ginn - e Reputatiouns-Schued ass et allemol... sou seet et och d'SZ "Steier-Oase bleift Steier-Oase".

All d'Nouvellen zum Sujet #openlux

Back to Top
CIM LOGO