Reaktioun op Protest géint Covid-Mesuren"Wat en Affront fir d’Fleegepersonal an d’Dokteren!"

RTL Lëtzebuerg
Den Direkter vum CHL, de Romain Nati, ass an enger kuerzer Reaktioun entsat iwwert d’Protest-Demo géint d’Covid-Restriktiounen e Samschdeg.
© Didier Weber

Puer Dose Leit hunn e Samschdeg verkleet géint d’Restriktioune wéinst dem Covid an der Haaptstad protestéiert. Si hate Schutzkleedung un an Ziedelen a Schëlder un hir Kleedung fixéiert, op deene sarkastesch Messagen drop stoungen ewéi: „Looss dech impfen“ oder „Sue maachen dech krank“.

„Wat en Affront fir d’Fleegepersonal an d’Dokteren, déi Dag fir Dag stonnelaang an där Schutzkleedung schaffe mussen“, sou den Direkter vum Centre Hospitalier, de Romain Nati an engem kuerze Message e Sonndeg op Facebook.

E Samschdeg war jo eng Corona-Demonstratioun zu Lëtzebuerg an der Stad op der Place d'armes an op der Place Guillaume II.

D'Manifestante waren nieft der Plëss an dem Knuedler och nach op anere Plazen an der Stad ënnerwee, notamment virum Palais.

Back to Top
CIM LOGO