ALK-President zefriddenWat ass am Accord tëscht Kinéen a Gesondheetskeess festgehal?

Claudia Kollwelter
D'CNS an d'Associatioun vun de Kinéen, d'ALK, hunn en Accord iwwert d'Adaptatioun vun den Tariffer ënnerschriwwen.

Et hat awer vill Zäit an intensiv Gespréicher kascht, fir op e gemeinsamen Nenner ze kommen. Wat schlussendlech am Accord festgehale gouf huet d'Claudia Kollwelter beim President vun der ALK nogefrot. De Patrick Obertin ass méi wéi zefridden, datt d'Fuerderung vun de Kinéen endlech Gehéier fonnt huet. No 5 Méint intensive Gespréicher an der Mediatioun tëscht der CNS an der ALK kréien d'Kinéen elo déi maximal Adaptatioun vun den Tariffer. Konkret sinn dat 2,82%. D'Adaptatioun gëllt vum 1. Januar vun dësem Joer un:

Mee vue datt mer elo 10 Méint verluer hunn, gëtt e Recalcul gemaach, d.h den Tarif geet prozentual e bësse méi an d'Luucht, fir an engem Joer normal op déi 2,82% adaptéiert ze ginn.

Dee Prozentsaz bezilt de Patient an Zukunft dann och méi:

De Patient huet jo ëmmer eng Partie selwer ze bezuelen, normalerweis 30%. Bei 100 Euro kascht dat an Zukunft 102,82 Euro.
 
D'Verhandlunge sinn awer iwwert déi Fuerderung erausgaangen, wouriwwer de Patrick Obertin ganz glécklech ass:
 
Well mer sinn eis och eens ginn, datt mer eis elo méi dacks gesinn, fir déi aktuell Problemer ze léisen. Dat ass gutt, well mer als ALK kënne matwierken an eisem Beruff. Ech well dat punktuell Decisiounen zu de Problemer diskutéiert ginn, déi an enger Nomenclature kënnen optrieden.
 

En anere Problem, deen een an Zukunft misst ugoen, wier dee vun de ganz ënnerschiddleche Qualifikatiounen, déi Kinéen zu Lëtzebuerg hunn:
 
Et si Kinéen do, déi hunn 2 bis 3 Joer iergend eng Héichschoul gemaach, anerer e Master op enger Uni vu 5 Joer. Déi zwee schaffe verschidden a hu verschidde Connaissancen. Wa se awer elo hei hiren Agreement kréie fir ze schaffen, gi se all selwecht behandelt.
 
Zanter 2018 gëllt och en neie Réglement Grand-Ducal, deen ee Master verlaangt fir Kinéen, déi hei am Land ausgebilt gëtt. Aus dem Ausland kënnen awer nach ëmmer aner Diplomer kommen. An deem Kontext hat een eng Entrevue mam OGBL an aneren Acteuren aus dem FHL-Secteur:
 
An den OGBL huet eis do zougesot, datt en effektiv eis Doleancë versteet a bereet ass, eis Interête fir d'Reconnaissance vum Master-Diplom an den Diskussiounen ëm den neien FHL-Kontrakt deen am Dezember soll ënnerschriwwen ginn, fir dat fir eis ze vertrieden.
 
Dem President vun der ALK no géif dat alles an déi richteg Richtung goen an hien ass frou, datt d'Uleies vun de Kinéen verstane gëtt.

Back to Top
CIM LOGO