Eis Gewässer sinn an engem schlechten, jo desolaten Zoustand. De Gewässerschutz misst méi een héije Stellewäert kréien, mä et géif een ëmmer nëmmen da sech der Problematik bewosst ginn, wann nees een Accident oder eng Verknaschtung geschitt. En Donneschdeg de Mëtteg gouf genee iwwert dëst an der Chamber wärend enger Aktualitéitsstonn, déi vun der DP ugefrot gouf, diskutéiert.
An de leschte Wochen a Méint gouf et jo 4 Virfäll, wou d‘Kor, d’Sauer an d’Uelzecht verknascht goufen. Bei der Kronospan an der Euro-Composites ass d’Läschwaasser an d’Flëss gelaf. Donieft koum et zu Tëschefäll zu Beggen an der Kläranlag an zu Beetebuerg. Do gouf et een technesche Problem op engem Schantjen, soudatt Knascht an d’Waasser gelaf ass an domadder d’Fëschbestänn nawell ze kämpfen haten an hunn. Et wieren zwee verschidden Tëschefäll, iwwert déi een hei géif schwätzen. Op der enger Säit vun technesche Problemer an op der anerer Säit huet ee mat Retentiounsbasengen ze dinn, déi net der Situatioun ugepasst waren, esou de Gusty Graas vun der DP. Dofir huet hie zou kruzial Froen opgeworf: Wéi gesäit et am Allgemengen an den Industriezonen aus mat de Sécherheetsbasengen? Wéi gesinn do d’Kontrollen aus?
Fir den Aly Kaes vun der CSV huet d’Verknaschtung domadder ze dinn, datt een hautdesdaags aneschters géif läschen an net méi esou, wéi dat an der Vergaangenheet de Fall war. Haut kéim Schaum an den Asaz amplaz vu Waasser - Schaum, deen toxesch fir d’Biodiversitéit wier. D’Fuerderung vum Aly Kaes ass et dann och, datt de Problem um nationalen Niveau attackéiert gëtt. D’Gemenge kréichen d’Waasserverknaschtung net an de Grëff. Ma op nationalem Niveau kéint een en nationale Waasserpräis fir eenzel Secteuren envisagéieren, esou den CSV-Nord-Deputéierten.
Mir hu just nach eng mëttelméisseg Qualitéit vun de Flëss, obwuel mir ee klengt Land sinn. Déi Kritik koum vum grénge Parlamentarier François Benoit. Deen dann awer ënnerstrach huet, datt d’Regierung déi lescht Joren agéiert hätt. Am Waasserfong wiere Moyenne verduebelt ginn. Am nächste Budget solle se bei 100 Milliounen Euro leien. Elo misst een d'Léieren aus den Accidenter zéien.
Dem LSAP-Deputéierte Franz Fayot no géif et un der néideger Sécherheetskultur feelen an hien huet ënnerstrach, datt esou Ëmweltschied net duerch finanziell Entschiedegungen ze behiewe wieren. Dës Sue misste vill méi an d'Präventioun investéiert ginn. Wat déi 4 Virfäll vun de leschte Wochen ugeet, huet hien d'Ministesch gefrot, ob hei Plaintë gemaach an Enquêtë lancéiert goufen. Respektiv, wéi systematesch Kontrolle vun de Kläranlage gemaach géifen.
Fir de Fernand Kartheiser vun der ADR muss ënnert anerem de CGDIS mat Moyennen equipéiert ginn, fir och optimal kënne bei esou Accidenter an Tëschefäll z’agéieren. Et misst een donieft och een Inventaire vun de Waasserleef maachen, a kucken, wéi den Naturzoustand vun deenen ass. An am Fall vun enger Verknaschtung den initialen Zoustand nees hierstellen.
Den David Wagner vun déi Lénk schwätzt vun erschreckenden Evenementer. Hie wéilt sech d’Situatioun net ausmolen, ouni déi Ariichtung, déi et zu Lëtzebuerg gëtt. Pannen hätten och domadder ze dinn, datt Betriber net seriö kontrolléiert géife ginn. An d’Sanktiounen, déi se kéinten erwaarden, géife keng Angscht maachen, mengt den Deputéierte vun Déi Lénk nach.
Nëmmen nokucken, dat wier keng Optioun, esou de Marc Goergen vun de Piraten. Dee sech och freet, wou d’Kontrolle vun de Kläranlagen dru sinn. Am Zäitalter vun der Digitaliséierung misst et dach méiglech sinn, Kontrolle vum Waasser 24/24 ze garantéieren.
Et hätt een schonn eng Unitéit bei der Waasserverwaltung, déi 24/24 disponibel wier, am Fall wou eng Verknaschtung vum Waasser ass. Déi Unitéit gouf 2018 agefouert a géif an Zukunft nach weider opgestockt ginn. Allerdéngs misst un der Vitess vun der Interventioun am Fall vu Verknaschtung geschafft ginn. D’Industriezone missten doriwwer eraus all gepréift ginn. Et hat sech jo bei der Kronospan erausgestallt, datt de Retentiounsbaseng ze kleng an och futti war. Dofir géif een de Moment een Inventaire vun den Industriezonen op d’Bee stellen an och klären, wie fir den Ënnerhalt vun de Becken opkënnt. Dat sot d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an hirer Interventioun. Wat Euro-Composites ugeet, do hätt een de Parquet ageschalt, well an der Sauer Substanze fonnt goufen, déi analyséiert goufen.
D’Ministesch huet dann och d’Wichtegkeet vun der Preventiounsaarbecht ervirgestrach. Laang Zäit wier de Waasserschutz net prioritär gewiescht, ma 2013 hätt een nach eng Waasserschutzzon gehat, mëttlerweil hätt een der 23 an 29 wieren an der Prozedur.